04. Oktober 2008: Jeannot Krecké

© SIP
Finanzkris, Inflatiouns an Energiepolitik, d’Exploite vun eise Sportler esou wéi Doping, dat ware just e puer vun de Stéchwierder vun der Sendung
Ass mäi Geld nach sécher ? Dat froen sech spéitstens zanter der Finanzkris net nëmmen vill Privatleit, mee och d’Betrieber. Em d’Inzidenzen vun der Finanzkris op déi real Économie ass et an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Jeannot Krecké gaang. Mam Wirtschaftsminister hu mir dernieft iwwer Inflatioun an Energiepolitik geschwat, a mam Sportminister hate mir riets iwwer d’Exploiten vun eise Sportler, awer och iwwer Doping. Background am Gespréich mam Jeannot Krecké ass de Samschdeg vun 12 bis 13 op RTL Radio Lëtzebuerg gelaf, hei kënnt Dir d'Emissioun nach eemol a voller Längt genéissen.