Invité an der Emissioun Background war dëse Samschdeg de President vun der europäescher Kommissioun.

Am éischten Deel stoung d'Situatioun vun Europa am Mëttelpunkt. An deem Kontext huet de Kommissiounspresident gesot, Europa wier a kengem gudden Zoustand an dat virun allem well verschidde Regierunge vu Memberlänner eng bestëmmte Politik net wëllen oder kënne matmaachen a well eng Rei vu Regierungen d'Decisiounen vu der EU net wëllen ëmsetzen. Dowéinst misst ee verschiddene Regierunge Been maachen, sou de Jean-Claude Juncker weider an dozou géif och gehéieren, dass een Decisiounen duerchsetzt, déi vu verschidde nationale Regierunge staark ofgeleent ginn.

Op d'Situatioun a Polen ugeschwat wou jo verschidden ëmstridde Reformen, notamment vum Verfassungsgeriicht a vum Mediegesetz, virgeholl gi sinn, sot de Kommissiounspresident, dass ee mat Polen am Gespréich wier a Sanktiounen sou laang nach keng Optioun wieren.

Iwwerdeems war et och d'Fro, ob d'EU-Kommissioun an d'EU-Parlament net ze wäit ewech vum europäesche Vollek ass. Ma do sot de Jean-Claude Juncker, dass dat net esou wier, wéi et ëmmer duergestallt géif ginn. D'Kommissären hätten am éischte Joer 200 Visitten an den Nationalstate gemaach an do mat de Parlamenter, de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft geschwat an all Dag géifen zu Bréissel ënner anerem net-Regierungsorganisatiounen an Biergerinitiativen empfaange ginn.

Fir nach eemol op den Zoustand vun der EU zeréckzekommen: Do huet de Kommissiounspresident nach emol dee schlechten Zoustand vun der europäescher Unioun betount an ass an deem Kontext an éischter Linn op d'Flüchtlingskris agaang. Déi muss dem Jean-Claude Juncker no sou séier wéi méiglech kontrolléiert ginn, fir ze weisen, dass d'EU grouss kontinental Problemer an de Grëff ka kréien. Ma donieft huet hien nach weider Problemer genannt, déi fir den aktuellen Zoustand vun der EU responsabel sinn, z.B. d'Situatioun an der Ukraine, déi transatlantesch Fräihandelsaccorden, de Chômage an d'Verhältnis zu Russland.

Ma wéi gesinn dann d'Léisunge fir d'Flüchtlingskris aus? Dorops huet de Kommissiounspresident gemengt, dass do eng gemeinsam Grenz- a Küstekontroll fir d'EU-Außegrenze wichteg ass an deene Länner dobäi ze hëllefen, déi dat net alleng packen. Dat wier keen Agrëff an d'Souveränitéit vun engem Land mä et wier néideg fir der Kris Här ze ginn. Donieft misste legal Weeër fonnt gi fir an Europa ze kommen fir dass d'Leit sech net duerch d'Hannerdier mussen eraschläichen. Eng gemeinsam Grenzpolitik wier dem Kommissiounspresident deemno och wichteg fir dass d'Errungenschafte vum Schengener Raum net a Fro gestallt ginn.

Wat d'Situatioun a Syrien ugeet huet de Kommissiounspresident betount, dass et do Programmer ginn, fir ze hëllefen ma de Problem wier, dass een net op déi Plaze kënnt fir ze hëllefen. Och a Saachen europäesch Entwécklungshëllef an enger gemeinsamer EU-Aussepolitik géifen et Méiglechkeete ginn ze Hëllefen mä ebe just, wann een déi Plaze wou se gebraucht gëtt och géif erreechen.

Iwwerdeems ass de Jean-Claude Juncker och op den Investitiounsplang vun 315 Milliarden agaang vun deene bis Chrëschtdag eng 46 Milliarde konnte mobiliséiert gi fir d'Wirtschaft an der EU ze redemarréieren. Et wier awer och un de Regierungen an un de Sozialpartner fir an alle Länner en Investitiounsklima ze schafen, deen dee Redemarrage méiglech mécht.

A Saachen Nationalpolitik sot de Jean-Claude Juncker nach, dass et hien net wonnert, dass d'CSV an de rezentesten Ëmfroen nees vun 23 op 27 Sëtz geklomm ass an dass d'Regierungsparteien LSAP 3 an DP 5 Sëtz verluer hunn. Déi Gréng hält hir 6 Sëtz.

Déi Parteien hätte gewisen, dass si net besser regéieren wéi d'CSV a si géifen elo d'Quittung kréie well si d'Regierung géint d'Wahlresultat gebilt hunn, sou de Jean-Claude Juncker.

AUDIO: Background am Gespréich mam Jean-Claude Juncker.
VIDEO: Jean-Claude Juncker: Invité an der RTL Emissioun Background.
Europa huet scho vill Krise kannt. Zolitter. Awer nach ni an där Intensitéit, wei 2015, 2016. De President vun der EU Kommissioun benotzt d'Wuert 'Poli-Kris'.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.