Fraerechter, Planning familial a Kulturpolitik
Invité an der Emissioun Background war dëse Samschdeg de Chef de service vum Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng.
D'Fraerechter, de Planning familial an Kulturpolitik stoungen am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background am Gespréich mam Danielle Igniti.
De Choix vun de Successeuren vum Maggy Nagel am Kulturministère gesäit der Cheffin vum Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng ze vill no politescher Strategie aus. D'DP hätt de Ressort wëllen an den eegene Reien halen amplaz kompetent Leit aus den anere Parteien un d'Rudder ze loossen, sou d'Danielle Igniti déi de Franz Fayot vun der LSAP an de Claude Adam vun deene Gréngen genannt huet. D'Léisung déi elo fonnt gouf wier net ideal. Datt den neie Staatssekretär d'Walfer Bicherdeeg mat organiséiert huet, géif sécher net duergoen.
Et wier just e Konzept, fir seriéis geholl ze ginn, misst een awer méi bréngen. Kultur ass ee schwéiert Fach. Datt den Haaptministère beim Här Bettel géing leien, wier an hiren Aen net glécklech. Et wier net fir d'Kompetenzen a Fro ze stellen, mä de Premier huet bestëmmt genuch ze dinn. Déi Situatioun wier an hiren Aen net ideal.
Trotz Erwaardungen un déi nei Regierung, wier keen Opbroch an der Kultur ze gesinn, bedauert d'Danielle Igniti, déi mat hirem politeschen Engagement an der LSAP viru Joren schonn opgehal huet an och elo keng Ambitiounen fir zeréck huet.
D'LSAP hätt sech wuel gutt dru ginn, fir gesellschaftspolitesch Reformen duerchzebréngen, ma et géif awer e bësschen um soziale Volet feelen, mengt d'Diddelengerin. D'LSAP wier ze vill liberal a géif esou hir Identitéit verléieren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.