Detailer iwwert d'Testphas vum neien Zäitplang
Vum 16. Mäerz u kritt een e Protokoll, wann ee vun engem vun den neie Radare geblëtzt gëtt, dat sot den Transportminister François Bausch
Dat sot den Transportminister François Bausch an der éischter Halschent vun eiser Emissioun Background am Gespréich. Hien huet Detailler ginn, wéi den Zäitplang elo ass. Vum Februar ass eng Testphas während engem Mount. Da gëtt et kalibréiert. Et kascht eppes da vum 16. Mäerz un.
An Zukunft keeft een da keen Auto méi, mä Mobilitéit. Dat war eng weider Ausso vum François Bausch um éischten Dag vum Autofestival.
Hien huet ënnerstrach, datt een am 21. Joerhonnert eng ganz Mobilitéitsketten notze muss, och wann den Auto nach ëmmer e wichtege Fakteur an där Kette géif bleiwen, géif en keng exklusiv Roll méi spillen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.