Mir hu mat der neier Direktesch vun der Fondation Cancer, der Lucienne Thommes, geschwat.

An der Kriibsfuerschung goufen am Laf vun de leschte Jore wichteg Fortschrëtter notéiert. Ee Wonnermëttel fir de Kriibs zu 100% ze heele gëtt et awer net nach net. Ee vun de Problemer ass, sou Directrice vun der Fondation Cancer, Lucienne Thommes, dass Kriibs net nëmmen eng Krankheet ass, mä ee Sammelbegrëff fir iwwer 100 verschidde Krankheeten. Et dierft een net vergiessen, datt ee ganz vill verschidden Zellen am Kierper huet an all Zell kéint praktesch zu Kriibs entaarten.

Trotzdem gëtt weiderhin ganz vill gefuerscht, och um Gebitt vun den Traitementer, wou ëmmer nei Therapien entwéckelt ginn. Et gëtt vill gemaach, betount d'Lucienne Thommes, mä et duerf een net vergiessen, datt vun deem Moment, wou eppes am Labo entdeckt gëtt, bis dee Moment wou et beim Patient ukënnt, dacks 30 Joer verginn.

Eng vun den Haaptursaache fir Kriibs ze kréien ass och weiderhin d'Fëmmen, a verschiddene Fäll ass et och genetesch bedéngt. D'Diagnos Kriibs bedeit awer net direkt musse stierwen, och wann et nach keng definitiv Heelung gëtt.

Et ass zwar nach net fir haut oder muer, ma d'Evolutioun ass enorm. Ganz vill Kriibs-Aarte kënnen haut geheelt ginn. Ma och wann een am Fall ass, datt de Kriibs onheelbar ass, kann een a ville Fäll awer nach ganz laang an zu gudde Konditioune weiderliewen. E Kriibs entwéckelt sech zu enger chronescher Krankheet, wou den aggressive Volet erausgeholl gëtt. Vill Patiente stierwe mat hirem Kriibs, awer net méi onbedéngt wéinst hirem Kriibs.

AUDIO: Background am Gespréich: Lucienne Thommes

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.