Evolutioun vun der Mediewelt an national Politik
Invité dëse Samschden an eiser Emissioun Background am Gespréich war ee Mann mat enger spatzer Fieder.
Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich war e Samschdeg de Mëtten de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort Jean-Lou Siweck. Nieft der Evolutioun vun der Mediewelt goung et och ëm déi national Politik. Mir waarden op eng nächst Tripartite. Am Virfeld hunn d'Sozialpartner vill mateneen gestridden. Ee vun de Knackpunkten ass d'Flexibiliséiere vun der Aarbechtszäit.
Sujet waren och d'Flüchtlingen hei am Land. D'Regierung schéint dat gutt ze geréieren, esou de Jean-Lou Sieweck.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.