D'Escher Buergermeeschtesch am Gespréich

D’Vera Spautz war e Samschdeg Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Virum Hannergrond vu soziale Problemer a vu Froen zur Stadentwécklung war dëse Samschdeg d’Escher Buergermeeschtesch Invité am Studio.
Dobäi ass d'Vera Spautz ë.a. op déi rezent Rap-Videoen agaangen, an deene Waffen an Drogen ze gesi sinn, op d'Versprieche vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Etienne Schneider, dass méi Polizisten an de Minett sollte kommen, an op d'Polisskommissariater an der zweetgréisster Stad vum Land. D'Gemeng hätt der Police eng Plaz an den Nonnewisen zougedeelt, fir ee Gebai opzeriichten, mee op ee mol wiere keng Sue méi dofir do gewiescht.
E weidere Sujet war déi rezent Annonce vun Agora, der Regierung an ArcelorMittal, dass eng Faisabilitéitsetüd iwwert d’Zukunft vun de fréiere Stolsitten zu Esch an zu Schëffléng gemaach gëtt. Vun der fréierer Deputéiert gouf et an deem Kontext Kritik un der Agora an un ArcelorMittal. Do géifen Decisiounen am Réck vun der Stad Esch gemaach ginn.
D’LSAP da misst sech op hir Wäerter besënnen, fir ze verhënneren, dass si no den nächste Chamberwalen an der Oppositioun sëtzt. An der Emissioun sot d'Vera Spautz donieft, dass si mam sougenannte Leitfaden vun der LSAP, iwwert deen um Kongress vum nächste Mount soll ofgestëmmt ginn, liewe kéint, deen awer net déi aktuell Politik vun der Partei erëmspigele géif.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.