D’Finanzkrise an d’Aviatioun - dat ware just e puer vun de Stéchwierder vun der Sendung.

D’Haaptthema vun dësen Deeg stoung e Samsdeg och am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background am Gespréich, mam fréiere Chef vun der Dexia an dem ablacklechen Direkter vun der Companie de banque privée. De Marc Hoffmann huet d’Ursaachen an d’Konsequenzen vun der Finanzkris diskutéiert. Fir den Economist hunn d’Vitesse an d’Ausmoossen vun der Kris d’Banken kal erwëcht. D’Lëtzebuerger Regierung huet fir hirt Agräifen an dësen anormalen Zäiten eng bonne note verdéngt, seet de Marc Hoffmann. D’Rettungsaktioun bei der Fortis an der Dexia hätt keen Aneren gepackt wéi de Staat, seet de Banquier, deen an der Woch scho Rumeuren dementéiert hat, datt seng Companie de banque privée d’Dexia wéillt iwwerhuelen. Interesséiert Investisseuren géif et bestëmmt Ma fir datt de Marché sech nees berouege kann, muss international enk zesumme geschafft ginn, an ee Land dierf net einfach sou no vir preschen, sou wéi Däitschland et wollt man. De weidere Verlaf vun der Kris hänkt, fir de Marc Hoffmann, dann och ganz staark vum Plang vun de Vertrieder vun der Eurozone of. Wat d’Zukunft vun der Finanzplaz Lëtzebuerg ugeet, wier et schwéier fir ee Prognostic ze man, de Marc Hoffmann bleift awer ganz zouversiichtlech. Ma d’Konsequenzen vun der Finanzkris op d’Real-Economie sinn awer schonn do. De Lëtzebueger Staat stécht jo och mat 60% ganz staark an der Luxair dran. Et gëtt awer no engem industrielle Partner gesicht, an dee soll bis Krëschtdag bekannt sinn.