D'Zukunft vun der Landwirtschaft stoung am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background um Samschdeg.

D'Landwirtschaft mécht nëmmen nach e Brochdeel vum economeschen Impakt aus an awer ass et en Domaine, deen iwwerliewenswichteg ass an duerfir besonnesch de Präis-Fluktuatioune vu Ressourcen ausgesat ass, wéi keen aneren.

D'Baueren an d'Wënzer waren an der Zäit den Houffert vum Land, haut geet et ëm d'Erhale vun Existenzen a fir finanziell iwwert d'Ronnen ze kommen. D'Familljebetriber si sécherlech nach an der Majoritéit, mä et muss op Wuesstem an Produktivitéit gesat ginn.

Vill Froe stelle sech – Froen, déi och de Konsument interesséieren, deen d'Produkter aus Landwirtschaft a Wäibau keeft.

D'Zukunft vun der Landwirtschaft stoung am Mëttelpunkt vun der Emissioun Background um Samschdeg: mat um Dësch souzen de President vun der Landwirtschaftskammer Marco Gaasch, de Minister Fernand Etgen an de Jeff Boonen vun de Jongbaueren a Jongwënzer.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.