Diskutéiert gouf ë.a. iwwer d'Flüchtlingskrise an de Brexit.

D'Flüchtlingskris an d'Diskussiounen ëm de Brexit dominéiere wuel nach laang déi europäesch Aktualitéit. Op Radio Lëtzebuerg hunn dëse Samschdeg 3 Europadeputéiert doriwwer an der Emissioun Background diskutéiert: de Frank Engel vun der CSV, Claude Turmes fir déi Gréng a Charel Goerens vun der DP.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.