Invitéë waren den Aspol-President Jean-Jacques Langers an de Cadre supérieur bei der Lëtzebuerger Police Guy Milbert.

D'Lëtzebuerger Police ass am Wandel, um Programm steet eng gréisser Reform. An deem Kontext hu mer eis fir eng nei Police-Associatioun interesséiert, déi an dësen dach méi speziellen Zäiten fir d'Force publique d'Beamten no baussen an no banne wëll representéieren.

Wéi steet d'Aspol zu der Police-Reform? Wat sinn déi gréissten Erausfuerderungen fir Regierung an Police-Direktioun? Wéi e Rôle wëll d'Associatioun selwer an dësem Wandel spillen an wéi gesäit een den Déngscht um Bierger. Dës Froen an nach méi hu mer eisen zwee Invitéen, dem Aspol-President Jean-Jacques Langers an engem Cadre supérieur, dem Guy Milbert, gestallt.

AUDIO: 05/03/2016 Background

Déi nei Police-Associatioun begréisst och den Accord iwwert d'Déngschtwunnengen. Selwer awer wier een net an d'Negociatiounen agebonne gewiescht, esou den Aspol-President Jean-Jacques Langers.

AUDIO: De Jean-Jacques Langers

Een Haapt-Uleies vun der Aspol ass d'Kreatioun vun engem Daachverband, deen alleguerten d'Beamte vertrëtt. Zum Beispill géintiwwer der Ëffentlechkeet an der Politik, wéi elo an den Negociatioune ronderëm d'Police-Reform. Domadder wieren déi 5 aktuell Associatiounen awer net iwwerflësseg, seet den Aspol-Member an "Cadre supérieur" Guy Milbert.

AUDIO: De Guy Milbert

D'Fermeture vun verschiddene Proximitéitskommissariater schaaft nei Méiglechkeeten. Dat sot den Aspol-President Jean-Jacques Langers och an der Emissioun Background am Gespréich. Am Mëttelpunkt stéing dobäi de Service um Bierger, awer net nëmmen ...

AUDIO: De Jean-Jacques Langers (2)

Als Verwaltung misst een sech och heiansdo a Fro stelle kënnen, sou den Aspol-Member Guy Milbert. Zum Beispill op den aktuellen Service um Client nach zäitgeméiss ass ...

AUDIO: De Guy Milbert (2)

Un den Interventiounen um Terrain géif sech jo näischt änneren. Déi ginn, wéi bis ewell, vun den 13 Centres d'Intervention assuréiert. D'Sécherheet vum Bierger wier vun den Fermeturen net affektéiert, berouegt d'Aspol.

E Manktem u Respekt virun Uniformen an Autoritéitspersounen ass e Gesellschaftsphänomen, deen a leschter Zäit nach gewuess ass. Dat sot de Guy Milbert, Comitésmember an der neier Police-Associatioun Aspol. An et hätten net nëmmen d'Police-Beamten domadder ze kämpfen ...

E Changement gouf et wuel och um Niveau vun der Brutalitéit, esou den Aspol-President Jean-Jacques Langers.

Et hätt een awer d'Impressioun, sou de Jean-Jacques Langers, wéi wann d'Bild vun der Police an der Populatioun awer ee gutt wier.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.