Reaktioun op Nominatioun vum Maggy Nagel
Mam Dan Kersch hu mer iwwer d'Trennung tëscht Kierch a Staat, d'Flüchtlingskris, d'Reform beim Rettungswiesen, d'Steieren an d'Gemengefinanzen geschwat.
D'Solidaritéitsbereetschaft bei de Gemengen fir Wunnenge fir Persoune mam Flüchtlingssstatut a Residenten, déi op enger Waardelëscht vum Fonds du Logement sinn, zur Verfügung ze stellen, ass net ganz grouss. Dat huet de Inneminister Dan Kersch an eiser Emissioun Background am Gespréich bedauert.
D'Regierung hat de Gemengen finanziell Ënnerstëtzung an Aussiicht gestallt, wa se hei aktiv géife ginn. Bis ewell krut den Inneministère awer nëmmen 21 Wunneenheete gemellt. Do misst nach méi geschéien. Och aus Solidaritéit mat deene Gemengen, déi elo schonn beim Accueil vun de Flüchtlingen aktiv gi sinn, fënnt den Dan Kersch.
Dat éischt Containerduerf fir 300 Persounen wat fäerdeg gëtt, dierft dat zu Dikrech sinn. Den Inneminister geet dovunner aus, datt déi éischt Leit do am Summer kënnen empfaang ginn.
Den Inneminister Dan Kersch huet och op d'Nominatioun vun der Madame Nagel reagéiert. Et kéint ee jo denken, wéi ee wëll, mä hie wier awer erféiert, mat wéi engem Haass Kommentare géife gemaach ginn iwwer d'Persoun vum Maggy Nagel.
Hie wéilt kloerstellen, dass si sech weder strofbar gemaach huet, nach hiren Knowhow och net un enge auslännesch Bank verkaf huet. Si huet engem politeschen Drock noginn an opgrond vun deene Feeler, déi si an hirer Amtsféierung gemaach hätt, de Courage gehat, ze demissionéieren. Et géif och kee Minister ginn, deen nach keng Feeler gemaach hätt, och an deene Regierunge virdrun.
Et soll een ëmmer nach de Ball spillen an net d'Persoun. D'Madame Nagel géif vun enger Regelung profitéieren, déi net vu Gambia agefouert gi wär a vun där scho virdrun eng Rei Leit profitéiert hätten. Et sollt een dem Maggy Nagel eng Chance ginn.
Et wär och ëmmer e fréiere Minister gewiescht, deen, wa Lëtzebuerg op enger Weltaustellung matgemaach huet, déi Weltausstellung preparéiert hätt, sou den Dan Kersch.
Den Avant-Projet de loi, mat deem d'Trennung vu Kierch a Staat an déi deementspriechend Conventioun mat der kathoulescher Kierch komplett a Kraaft trëtt, ass sou gutt wéi fäerdeg an dierft am Abrëll an de Regierungsrot kommen, sot den Inneminister Dan Kersch bei eis an der Emissioun Background am Gespréich. Den Text gëtt nächste Freideg dem Generalvikar Leo Wagener presentéiert an nach emol mam Bistum duerchdiskutéiert ier d'Dispositiounen an e Gesetztext dra geschriwwe solle ginn.
Den Däiwel géif dacks am Detail leien, sou de Minister, duerfir missten déi Concernéiert och d'Chance kréien sech nach emol dozou ze positionéieren.
D'Echeance vum 1. Abrëll d'nächst Joer ass vu Regierungsrot net a Fro gestallt, sou den Dan Kersch deen awer net ausschléisst, datt d'Diskussiounen iwwert d'Proprietéitsverhältnisser vun der Kierch eventuell awer méi laang dauere kéinten.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.