Déi aner Woch kritt si hir 60 Joer: D’Grande-Duchesse Maria Teresa war dëse Samschdeg eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.

Héije Besuch an eiser Emissioun Background am Gespréich. Invitée war d'Grande-Duchesse Maria Teresa. An där Emissioun goung et manner ëm hir Funktioun als Grande-Duchesse, dofir awer ëmsou méi ëm d'Fra: d'Fra um groussherzoglechen Haff, zugläich Mamm a Groussmamm, an d'Fra am allgemengen an der Lëtzebuerger Gesellschaft.

AUDIO: Background am Gespréich mam Maria Teresa.

Am Laf vun de leschte Joerzéngte wär wuel vill geschitt, fir der Fra als Mamm entgéint ze kommen, mä dat géing nach net duergoen.

Ugeschwat gouf awer och e Prozess, deen um Aarbechtsgeriicht leeft. Eng fréier Employée huet den Haff op d'Geriicht geholl wéinst Harcelement a licenciement abusif. Déi groussherzoglech Koppel wëll keng Entschiedegung fir déi Persoun bezuelen a léisst et op dee Prozess ukommen.

AUDIO: Extrait Maria Teresa

Eng aner Affaire betrëfft indirekt d'Ierfgroussherzogin Stéphanie. Si huet während 2 Joer fir eng Bréissler Gesellschaft geschafft, mam Numm Kepha Invest. Et huet sech erausgestallt, datt déi Gesellschaft e frauduléist Konstrukt war, ronn 300 Investisseure sinn hiert Geld lass. D'Aristokratie gouf benotzt, Promotioun fir Kepha ze maachen. Fir d'Maria Teresa an hir Famill eng desagreabel Geschicht.

D'Grande-Duchesse huet Versteesdemech gewise fir Leit, déi d'Monarchie éischter als eppes Verstëbstes aus fréieren Zäite gesinn, mengt awer, datt de Lëtzebuerger Palais zum Nation Branding gehéiert, an zu der Identifikatioun vum Vollek bäidréit.

Um Enn vum Interview vu bal enger Dräivéirelsstonn wor d'Äis komplett gebrach. D'Madame Maria Teresa, déi an hirer Jugend Gesank geléiert hat, gouf esouguer eppes Klengs zum Beschten.

An och wann d'Grande-Duchesse d'nächst Woch hir 60 Joer kritt ass et net de Moment fir an d'Pensioun ze goen, am Géigendeel: eng Rei nei Projet stinn op der Lee.

AUDIO: Maria Teresa am Background: ... bis Guantanamera a Feierwon!

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen). - Well dëse Background pre-enregistréiert gouf, gëtt et kee komplette Video dovun, ma just eng komplett Audio-Opzeechnung. E Resumé an Toun a Bild gëtt et um Samschdeg den Owend op RTL Télé Lëtzebuerg.

Maria Teresa: D'Grande-Duchesse am Background
Déi aner Woch kritt si hir 60 Joer: D’Grande-Duchesse Maria Teresa war Invitée an der Radiosemissioun "Background am Gespréich".

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.