Police, Arméi a Mëttelstandsbetriber
Méi Polizisten, eng Militärschoul an eng digital Maartplaz, fir déi kleng Butteker am Land. Ma och d'Reaktioun op Kritik ware Sujet vum Background.
"Et gëtt héich Zäit, fir d'Reformen bei der Police ze finaliséieren an da bis de Summer och an e Gesetzprojet ze schreiwen", dat sot d'Staatssekretärin Francine Closener um Samschdeg an der RTL-Emissioun Background am Gespréich.
Der LSAP-Plitikerin no wier elo laang genuch diskutéiert ginn, et géif nach eng Konsultatiounsdebatt an der Chamber ofgewaart, an da géif een de Reformtext deposéieren. Et ass Onrou bei de Leit um Terrain an och Onrou bei der Populatioun, dofir wëll een dee Projet nach virum Summer deposéieren. Virdrun ass nach en Debat an der Chamber an d'Staatssekretärin hofft, datt déi aner Parteien net parteipolitesch decidéieren, mä am Sënn vun de Leit dobaussen.
D'Fro vum Zesummeleeë vun der Kommissariater gouf et och schonn an der leschter Legislaturperiode, seet d'Francine Closener, déi selwer verschidde Reportagen doriwwer gemaach huet. Den aktuelle Minister huet awer direkt gesot, nodeem d'Leschte public goufen, datt een näischt géif maachen, ouni mat de Gemenge geschwat ze hunn. An de Gemengen, déi näischt ännere wëllen, bleift et, wéi et aktuell ass. Aner Gemengen sinn der Meenung, datt den aktuelle System näischt méi bréngt a sinn Demandeure vun der Verännerung.
Um Terrain iwwerdeem hu sech d'Patrullen an d'Interventioune vun der Police positiv erëmgespigelt. De leschte Chiffren no goufen et d'läscht Joer eng Baisse vun 6% wat d'Kriminalitéit ugeet an an den Affairen, déi domat verbonnen sinn. Bei den Abréch war et e Réckgang vun 18 Prozent.
Alleng dëst Joer konnte bei Patrullen op der Stater Gare 23 Persoune wéinst Drogenhandel verhaft ginn.
D'Regierung bleift dobäi. Bis 2018 ginn eng 350 nei Polizisten agestallt.
Rekrutéiert gëtt iwwerdeem och weider intensiv bei der Arméi, och wann hei Reformen ustinn. Wéi d'Francine Closener sot, kéint et net weider sinn, datt vun 10 Kandidaten, déi an d'Musterung ginn, der herno nëmmen 2 als Zaldot iwwreg bleiwen.
E Pilotprojet mam Numm COPRAL gëtt mat enger Partie Klassen fir d'Rentrée an der Militärschoul zu Ettelbréck lancéiert. An dëse Klasse sollen déi Jonk tëscht 17 an 24 Joer besser op d'Erausfuerderungen vun der Arméi an de verschiddenen Examen preparéiert ginn.
Da gouf d'Francine Closener awer och gefrot, wéi Si d'Déngschtwon-Affaire verdaut huet respektiv wéi Si op déi widderspréchlech Aussoen vun der Familljeministesch a Saachen Congé Parental reagéiert. Do ass et kloer, datt jiddereen fir sech muss decidéieren, wéi een op Kritiken, zum Deel vläit och onfair Kritiken, reagéiert. No der Déngschtwon-Affaire huet och d'Francine Closener missten de richtege Wee fannen, wéi ee mat der Kritik, scho bal dem Shitstorm, huet missen ëmgoen. An et huet och eng Zäit gedauert, bis Si et eraus hat. Si seet da Léiwer "ech hunn e Feeler gemaach, komm mir fänken frësch mam Dossier un, wéi datt ech mordikus do un eppes festhalen". Si kënnt den Dossier vun der Ministesch Corinne Cahen awer net genuch, fir elo eppes dozou ze soen. An et wier och net un Hir, fir ze kommentéieren, wat d'Ministesch Kollege maachen a soen.
D'Staatssekretärin ass och politesch responsabel fir de Mëttelstand, mat sengen 32.000 Betriber am Land. D'nächst Woch gëtt d'Initiativ Pro-Commerce iwwerdeem presentéiert. Eng vun den Iddien ass, eng global digital Maartplaz fir déi kleng Butteker ze schafen, wou se hier Palette u Produkter kënne presentéieren.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.