Eisen Invité dëse Samschden an der Emissioun Background war de gréngen Député-Maire Roberto Traversini.

"Déifferdeng steet haut do, wou d'Gemeng schonn hätt musse virun 10-15 Joer stoen". Dat sot de Buergermeeschter vun der drëtt gréisster Gemeng am Land, de Roberto Traversini an der Emissioun Background am Gespréich. Am Laf vun de leschte 15 Joer wier alles gemaach ginn, fir Déifferdeng no vir ze bréngen. Dat wor awer net ëmmer evident.

De Robert Travesini wor am Januar 2014 ee schwéiert Ierwen ugetrueden, wéi no iwwer 10 Joer d'Ära Meisch op een Enn goung. Duerch seng jorelaang Erfahrung als éischte Schäffen, wier hien awer gutt drop preparéiert gewiescht, d'Rudder vum Claude Meisch ze iwwerhuelen. Déi politesch Streidereien, déi dësem Wiessel virausgaange sinn, wiere jiddwerfalls vergiess, sou de Roberto Traversini.

D'Gemeng Déifferdeng soll ee Wandpark kréien. De Buergermeeschter Roberto Traversini hofft, dass dësen Enn 2017 operationell ass. De Wandpark soll op Uewerkuer kommen. Am Laf vun de leschten 3 Joer goufe schonn eng Partie Impaktstudie gemaach. Ënnert anerem doriwwer, wéi een Afloss d'Wandrieder op Déierewelt hunn, respektiv de Kaméidi an iwwert den Zoustand vum Buedem. Et goufen och Biergerversammlungen organiséiert.

D'Affär Bettel/Kemmer, déi dës Woch fir sou munnech Reaktioune gesuergt hat, wor um Samschdeg de Mëtteg och ee Sujet an der Emissioun Background am Gespréich. Et wier net glécklech wat geschitt ass, sou den Déifferdenger Buergermeeschter. D'Reaktioun vun der CSV wier an dëser Affär awer liicht iwwerdriwwen.

Wat dem Deputéierte Robert Travesini seng eege politesch Zukunft an déi vun deene Grénge betrëfft, hofft hien, dass déi aktuell Koalitioun ka mat hirer Aarbecht virufueren. Blo-rout-gréng hätt et fäerdeg bruecht, eng aner Dynamik mat eranzebréngen. Et wier vill geschitt, sou de grénge Politiker, an huet ënnert aneren d'Nationalitéitegesetz, d'Homo-Bestietnis oder nach d'Ofdreiwungsgesetz als Beispiller genannt. Et dierft een awer ni vergiessen vu wou ee kënnt. Am anere Fall géif ee riskéieren, dass d'Leit op eemol d'Flemm mat der Politik kréien, huet de Roberto Traversini gewarnt. Et wier dowéinst wichteg eng Linn ze behalen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Robert Traversini.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.