Iwwert marginaliséiert Leit
D'Invitéen am Studio war d'Ute Heinz an den Abbes Dondelinger vu Caritas Accueil et Solidarité an de Marc Crochet vum Roude Kräiz.
Fréier goufe si Heescheleit oder Clocharde genannt, haut schwätze mer vu Sans-Abrien oder marginaliséierte Persounen.
Sou maachen, wéi wann ee si net géing gesinn, geléngt kaum méi engem, well d'Zuel vun deene Mënschen, déi net an d'Bild vun enger perfekter Gesellschaft passen, klëmmt rasant. Déi aktuell Offer u Strukturen an Beschäftegungsinitiative couvréiert zwar en Deel vum Besoin, d'Akteuren um Terrain si sech awer eens, dass een nei an alternativ Weeër muss goen.

D'Ute Heinz an den Abbes Dondelinger vu Caritas Accueil et Solidarité
An eiser Emissioun Background hu mer iwwer d'Sozialaarbecht vun haut a muer diskutéiert an doriwwer, u wat et feelt, hei am Land.

De Marc Crochet vum Roude Kräiz
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.