D'Patrone knouteren net grad wéineg den Ament: fir si steet de Sozialdialog a Gefor.

Dat zanter d'Regierung hir Decisioun geholl huet, wat d'Referenzperiod an de Betriber ugeet.

Doriwwer hu mir an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Michel Reckinger, President vun der Fédération des artisans geschwat.

An eiser Emissioun goung et an der Haaptsaach ëm d'Referenzperiod an de Betriber. Fir de President vun der Handwierkerfederatioun géing d'Decisioun vun der Regierung absolutt an déi falsch Direktioun goen, wat d'Produktivitéit ugeet. D'Patronat fillt sech iwwer den Dësch gezunn, well en éischten Accord am Januar zejoert tëscht Regierung a Patronat an eng aner Richtung gaange wär. Schold un deem Ganzen wär dem Michel Reckinger no den onofhängege Gewerkschaftsbond.

Donieft geet et allgemeng ëm d'Situatioun am Handwierk, iwwer d'Formation professionnelle an awer och iwwer d'Fro: brauch d'Land en Zukunftsdësch? Ëmmerhinn geet d'europäesch Kommissioun dovunner aus, datt mir an 30 Joer zu Lëtzebuerg bei iwwer enger Millioun Awunner sinn.

AUDIO: Background

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.