D'Reform vun der Fleegeversécherung gëtt an engem vun den nächste Regierungsréit ugeholl.

Dat sot de Sozialminister Romain Schneider um Samschdeg bei eis an der Emissioun Background am Gespréich.

Den Text dierft no der Péngschtvakanz kommen. Den LSAP-Minister mengt all de Remarquë vun de betraffenen Acteuren an der Chamber am Text Rechnung gedroen ze hunn.

Stéchdatum bleift duerfir den 1. Januar, wou d'Reform a Kraaft triede soll. Dat heescht, datt den Text nach virun Enn des Joers duerch d'Chamber goe muss.

De System soll op geziilte Punkte gestäerkt ginn. Leeschtungsverschlechterungen oder Cotisatiounshaussë soll et dem Minister no net ginn. Duerfir gëtt d'Kontroll awer ausgebaut. Et soll méi dacks evaluéiert ginn an déi aktuell Cellule d'évaluation et d'orientation gëtt eng eegestänneg Verwaltung. Donieft gëtt e Katalog vu Qualitéitscritèren opgestallt.

An de geplangte Forfaitssystem, deen déi di individuell Fleegepläng vu bis elo ersetzt, soll flexibel kënnen den individuelle Besoine vum Fleegefall ugepasst ginn.

D'Suen, déi an d'Assurance dépendance fléissen, solle méi geziilt agesat ginn, sou de Romain Schneider.

D'Pensiounsreform war fir den LSAP-Minister e Succès. Dëst Joer gëtt eng éischte Bilan dovunner gemaach. Adaptatiounen hält de Romain Schneider zu dësem Ament net fir néideg.

AUDIO: Background am Gespréich mam Romain Schneider.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.