Wollt de Mandat vum Chamberpresident iwwerhuelen
De Mars Di Bartolomeo hat d'Méiglechkeet, nach eng Kéier e Ministerposten ze iwwerhuelen, huet sech awer decidéiert, fir Chamberpresident ze ginn.
"Den Accent läit um Bierger", seet den Chamberpresident Mars di Bartolomeo iwwert säin aktuelle Posten. Den "éischte Bierger vum Land" war de Samschdeg de Mëtten Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich. „D’Nummer 1 déi kritt een, well d’Chamber dat esou wollt. An de Bierger, dee bleift een ëmmer. Fir mech war et virun allem wichteg, d'Bierger-not an d’Parlament eranzebréngen“, erkläert den LSAP-Politiker. Et wier eben d’Aufgab vun engem Volleksvertrieder, de Lien ze maachen tëscht der Politik an dem Bierger.
Et kéint een och net soen, datt hien no de Walen eidel ausgaange ass, wat ee Regierungsposten ugeet, sou den fréiere Gesondheetsminister: „Ech hat d'Optioun fir an d'Regierung zeréck ze goen an d'Ressorten ze halen. Wéi awer de Chamberpresident opgaangen ass, hunn ech gesot, datt ech no deenen zwou schwierege Mandatsperioden an der Regierung gären dëse Mandat géing iwwerhuelen", sot de Mars Di Bartolomeo.
Hien hätt op alle Fall net vergiess, wou en hier kéim, esou den fréiere Buergermeeschter vun Diddeleng. 40 Joer an der Politik géifen ee Mënsch sécher veränneren. Deene groussen Prinzipien, déi hien an d'Politik gedriwwen hätten, nämlech Gerechtegkeet, Demokratie a Fridden, wier de Mars Di Bartolomeo awer trei bliwwen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.