Den Invité dëse Samschden an der Emissioun Background war den Ausseminister Jean Asselborn.

"D'Solidaritéit ass de Bensin vun der europäescher Unioun a wa keng méi am Tank ass, da geet de Motor net méi."

Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich ënnerstrach an huet virdru gewarnt, datt een ouni Europa erëm ganz séier beim Nationalismus wier.

Mam Ausseminister hu mer awer och iwwert de rezente Politmonitor geschwat an deem eng grouss Majoritéit vun de Leit gesot huet, datt de Jean Asselborn, dee Politiker wier, deen am meeschte Kompetenz a Sympathie hätt.

E Resultat, dat hien awer e bësse relativéiere wollt.

AUDIO: De Jean Asselborn (1/2)

De Jean Asselborn sot och, datt hien all seng Energie wéilt dofir asetzen, fir datt d'LSAP aus deem -wéi hie seet- klenge Knack erëm erauskënnt.

Op als Spëtzekandidat oder net, ass awer den Ament weder fir hien, nach fir seng Partei en Thema.

AUDIO: De Jean Asselborn (2/2)

Also ass an där Fro nach bësse Gedold gefuerdert.

AUDIO: Background am Gespréich mam Jean Asselborn
Jean Asselborn : Spëtzekandidat 2018? Den Ament keen Thema!
An der RTL Emissioun 'Background am Gespréich' gouf och iwwer den Zoustand vun Europa, deem vun de Sozialisten, respektiv iwwer d'Flüchtlingskris diskutéiert.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).

Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.