Déi Gréng am Mëttelpunkt
Den Invité dëse Samschden an der Emissioun Background war de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère Camille Gira.
An der Halschent vun der Legislaturperiod war de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère Camille Gira Invité an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Sinn déi Gréng um Wee zur zweetstäerkster Partei am Land? Wéi ass ze erklären, dass no engem Dag Dauerreen dat halleft Land ënner Waasser steet? Geet Wuesstem automatesch op Käschte vun der Liewensqualitéit? A wat ass mat Cattenom, TTIP oder nach Cop 21?
Ënner anerem dat ware Sujeten an der Emissioun ...
Et goung also vill rieds iwwert d'Iwwerschwemmungen, d'Radaren d'Buedemnotzung an d'nohalteg Entwécklung vum Land, dat op Wuesstem ugewisen ass. Ee Wuesstem, deen een am Sënn vun den nächste Generatiounen intelligent kanaliséiere soll, sou de Camille Gira.
Sujet war awer och déi national Politik am Hibléck op déi nächst Chamberwalen. De Camille Gira fënnt et bosseg, wéi d'CSV iwwer 2 Joer virun deene Chamberwale mam Sujet Spëtzekandidat ëmgeet.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.