Wat kann een géint den Aarmutsrisiko maachen?
D'Invitéen dëse Samschde waren de Michel Simonis, Generaldirekter vum Roude Kräiz an de Robert Urbé, Porte-Parole vun der Caritas.
D’Wirtschaft wiisst, mä de Risk fir an d’Aarmut ze rutschen och. Net jidderee ka mat den héije Standarde vum Land mathalen, d’Ongläichheeten huelen zou. Doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg am Background.
Wat kann ee géint den Aarmutsrisiko maachen a wien ass alles gefuerdert?
D’Hëllefsorganisatioune Croix-Rouge a Caritas schaffen zanter Joerzéngten um Terrain. Wéi huet sech hir Aarbecht geännert a wou leien d’Problemer?...dat hu mer mam Michel Simonis, Generaldirekter vum Roude Kräiz, a mam Robert Urbé, Porte-Parole vun der Caritas dikutéiert.
LIESER-FEEDBACK
D'Vie Naissante hëlleft.
An der Emissioun "Background am Gespréich" vum 11. Juni goung rieds vun enger Fra, déi mat 2 Kanner alleng a verschëld do steet.
Si gëtt d'Beispill vu Pampers a Puddermëllech, déi se néierens gratis kritt.
Des Fra a vill anerer an ähnléchen Noutsituatiounen solle wëssen, datt si Bonge fir Pampers a Puddermëllech
an der Vie Naissante, 28, Denier Sol zu Bouneweg (info@vienaissante.lu oder Tel. 44 44 40) kënne kréien, no Iwwerpréiwung vun enger Assistante sociale vun der Vie Naissante.
Um Site www.vienaissante.lu fannt Dir nach aner Informatiounen iwwer méigléch Hëllef.
André Grosbusch
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-/Audio-Livestream um Internet leeft an dono op RTL.LU nach eemol ze lauschteren an ze kucken ass (News-Rubrik "Background" oder Radio-Rubrik "Audio-Archiv" an do no "Background" sichen).
Sonndesowes ëm 20 Auer gëtt d'Emissioun op RTL Radio Lëtzebuerg rediffuséiert.