Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Justizminister Félix Braz.

D'Regierung mécht sech net an d'Affären vum Haff an - och net a Personalfroen, well dat wier net d'Roll vun der Regierung- dat sot de Justizminister Felix Braz e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun Background am Gespréich.

Eenzeg an alleng d'Dotatioun fir den Haff géif all Joer debattéiert ginn - eng Zomme, déi sech op eng 10 Milliounen den Ament chiffréiert.

Op d'Feele vun der Grande-Duchesse während der Visite vum rumäneschen President wollt de Minister weider net agoen.

Ugeschwat op d'iwwerlaang Dauer vu Geriichtsaffairen sot de Felix Braz, datt d'Procureur Général d'Etat Martine Solovieff den Ament un engem neien pluriannuellen Plang fir de Recrutement vu Magistraten géif schaffen - eppes wat zanter 2009 iwwerfälleg ass.

Nieft dem Opstocke vu Personal missten awer och d'Prozeduren iwwerduecht ginn, zB bei Verkéiersdelikter oder dem Asetzen vun engem "juge-unique" an eenzelnen Affairen.

Och d'Zesummeleeë vun der Cour de Cassation an dem Verfassungsgeriicht géifen ugeduecht grad, wéi datt d'Schafe vun enger Cour Suprême an engem neien Conseil National de Justice géif an engem Avant Projet de Loi  verankert ginn.

Eng aner Reform, déi hire Wee mécht, ass de Projet paperless justice, dee bis 2021 wäert ëmgesat ginn, also d'komplett Ëmstelle op den elektronesche Wee vun allen Echangen um geriichtleche Niveau, déi bis ewell op Pabeier geschitt sinn.

Vill Leit am Secteur dierft interesséieren, datt et NET zu engem Jugend-Strof-Recht wäert kommen, an datt de SCAS no engem Audit, deen amgaangen ass, wäert fundamental reforméiert ginn a wäert Aufgabe bäi kréien. Och um Jugendschutzgesetz gëtt den Ament geschafft - een Text, deen am Hierscht soll virleien. Schonn éischter bréngt de Justizminister bis de Summer d'iwwerschafft Gesetz iwwert d'Execution des Peines an de Strofvollzuch an de Ministerrot.

D'komplett Emissioun Background am Gespréich mam Justizminister kënnt dir mar den Owend no de Nouvellen vun 20 Auer respektiv all Zeit op rtl.lu suivéieren.

AUDIO: Background am Gespréich mam Félix Braz

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.