Comeback an der Lëtzebuerger Politik
Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war de Luc Frieden.
Et ass definitiv nees mat him an der Politik ze rechnen!
An eiser Emissioun Background am Gespréich mam Luc Frieden goung et zu engem groussen Deel ëm säi geplangte Comeback och dann, wann hien net sollt als Spëtzekandidat zeréck behale ginn. Hie wëll nach eng Kéier Politik maachen an da muss hien zesumme mat der Partei kucken, a wéi enger Form een dat mécht.
De Luc Frieden huet déi leschte Wochen ëmmer nees betount, datt esou gutt déi national, wéi déi europäesch Politik, déiten interesséieren. Wëll hie sech ieren eng Dir ophalen, also eventuell Spëtzekandidat ginn fir d'Europawahlen?
Europapolitik interesséiert den CSV-Politiker och. Si ass och net éischten oder zweete Choix, well et esou guer net funktionéiert. Souwuel déi national, wéi och d'europäesch Politik si fir de Luc Frieden gläichméisseg enorm interessant, mä et ass awer och net all Funktioun, déi de Luc Frieden interesséiert, respektiv fillt hie sech net fäheg, fir all Funktioun unzehuelen. Europapolitik ass ee wichtegen, wann net esou guer dee wichtegsten Deel vun der Lëtzebuerger Politik.
Ma wisou gläich Spëtzekandidat an der CSV wëlle ginn? Schliisslech ginn et vill Leit, och an der CSV selwer, déi mengen, de Luc Frieden hätt d'Partei zu engem Ament verlooss, wou si hien batter néideg gehat hätt. An enger Partei mat 10.000 Memberen ginn et ëmmer mol verschidde Meenungen. Hei versteet déi Leit och gutt, déi mengen, datt een ëmmer dat selwecht sollt maachen. De Luc Frieden dogéint stellt d'Fro fir Lëtzebuerg 2038, wou ass een also 20 Joer no den nächste Wahlen higaangen.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.