Bilansgespréich mam Educatiounsminister
Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer war den Educatiounsminister Claude Meisch.
Bonne Note fir den Educatiounsministère? E Samschdeg hate mer Bilansgespréich mam Educatiounsminister Claude Meisch.
Am Laf vum Schouljoer wier vill geschafft ginn, sot den zoustännege Minister Claude Meisch an der Emissioun "Background am Gespréich". Bei der Rentrée zejoert woren net manner wéi 85 Projeten annoncéiert ginn. Dovunner wier een groussen Deel schonn um Instanzewee an triede bei der nächster Rentrée a Kraaft, wéi zB dat neit Fach "Vie et Société". Et wier ee gutt preparéiert an d'Gesetz kéint en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn. Ma och wann ee gutt opgestallt ass, heescht dat net, dass näischt méi ka geännert ginn. Et wier een neit Fach, dat sech weider misst entwéckelen. Et wier op alle Fall näischt a Beton gegoss, esou de Minister.
Dernieft soll nach een anere grousse Projet wéi geplangt virun der Summerpaus deposéiert ginn: Deen vun der multilingualer Fréifërderung bei de klenge Kanner. Dee leschte Schlëff um Text wier gemaach, sou de Claude Meisch. Och dëse Projet wier ee wichtege Schrëtt no vir: An dat souwuel fir d'Fréifërderung souwéi fir d'Sproochen an der Gesellschaft an an der Schoul. Et wier op alle Fall e gutt Instrument, fir ons auslännesch Kanner beschtméiglechst an eise Schoulsystem z'integréieren.
Och op sengem Tour duerch déi eenzel Lycéeën hei am Land wier den Echo immens grouss a positiv, sou nach de Claude Meisch. Et wier villes vun ënnen erop entwéckelt ginn, wou et lo drëms geet, de Kader ze setzen an déi néideg Moyenen ze ginn, fir dass d'Schoulen nach besser ginn. D'Erausfuerderunge sinn dem Educatiounsminister no jiddwerfalls ganz grouss:
De Claude Meisch gëtt deene Jonken de Rot mat op de Wee, genee ze kucken wat gefrot gëtt an der Economie, an de Betriber.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.