Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer waren den FLF-President an den techneschen Direkter vum COSL.

Een Dag virun der Finall vun der Fussball-EM a Frankräich a 27 Deeg virum Ufank vun den Olympesche Spiller zu Rio waren dëse Samschdeg den FLF-President an den techneschen Direkter vum COSL Invité am Studio. Mam Paul Philipp a mam Heinz Thews hu mer zréck an no virgekuckt op déi zwee sportlech Groussevenementer.

AUDIO: Background Deel 1 - Paul Philipp
AUDIO: Background Deel 2 - Heinz Thews

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.