Invitéen am Background am Gespréich e Samschdeg tëscht 12 an 13 Auer waren d'Vertrieder vun de Majoritéitsparteien a vun der Oppositioun.

Animéierten Polit-Débat e Samschdeg de Mëtteg op der Antenne vun RTL Radio Lëtzebuerg: Majoritéit an Oppositioun souze
sech géintiwwer an hunn de Bilan op der Halschent vun der Legislaturperiod gemeet.

Ëm den Dësch souzen d'Fraktiounspresidente vu Blo-Roud-Gréng, Eugène Berger, Alex Bodry a Viviane Loschetter, grad wéi d'Oppositiounsvertrieder Gast Gibéryen vun der ADR ,den CSV.-Parteipresident Marc Spautz an den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk.

Vill Sujete koumen zur Sproch wéi déi aktuell budgetär Situatioun, déi sozialpolitesch Akzenter vun der Regierung an natierlech d'Gestalte vun der Zukunft mat engem Lëtzebuerg, dat sech dem Wuesstem verschriwwen huet an nach méi Plazen a Leit, mä och Trafic muss generéieren.

Dat neit Landesplanungsgesetz kënnt am Hierscht - simultan gëtt en Zukunftsdësch organiséiert.

Ëmgesat huet d'Dräierkoalitioun iwwerdeem eng politesch Decisioun, déi d'LSAP esou mat der CSV net konnt duerchsetzen - d'Trennen tëscht der Kierch an dem Staat an dem Conventionnement vun de Cultes.

Wat méiglech spéider Koalitiounen ugeet, sou huet keng Partei natierlech verfréit Aussoe gemeet, ausser déi, datt et de klore Wëlle vun der aktueller Koalitioun ass, fir an där Faarwen-Konstellatioun weiderzemaachen. D'CSV leet jo ewell am Hierscht eng Basis vun engem Wahlprogramm vir, déi Lénk iwwerdeem gesi schwiereg, wéi se mat enger vun den aktuelle Regierung-Parteie kéinte regéieren.

AUDIO: Background am Gespréich Spezial politesche Bilan

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.