Invitéen am Background am Gespréich e Samschdeg waren den Inneminister Dan Kersch, de Generalvikar Léo Wagener an de Syvicol-President Emile Eicher.

De Plang vun der Regierung a Saache Kierchen a Staat ze trennen ass kloer: och déi 285 Kierchefabricken am Land solle verschwannen a vum 1. Januar un duerch e neie Fong ënnert der Tutelle vum Bistum iwwerholl ginn.

Vill Suerge maache sech awer déi Responsabel vun deene fabriques d'églises an natierlech och Gemengeresponsabel, wéi dann elo d'Proprietéitsrelatiounen vun de ronn 500 Kierchegebaier wäerte bis Oktober gekläert ginn.

An der Emissioun Background gouf e Samschden de Mëtteg d'Problematik diskutéiert: den Inneminister ass nach emol op de Gesetzprojet ze schwätze komm, wou hien elo gesäit, datt ënnerkierchlech Streidereien op sengem Réck ausgedroe ginn - trotz allem hält hien u senger Linn fest.

Wéi vill Kierche ginn dann iwwerhaapt gebraucht fir d'pastoral Missioun vun der Kierch z'assuréieren?
Eng ronn 100 seet virsiichteg de Generalvikar.

De Syvicol-President Emile Eicher, deen a sengem Numm als Klierfer député-maire geschwat huet, fäert duerch de Verbuet vum kommunale Co-Finanzement, am Fall wou eng Kierch dem neie Fong gehéiert, d'Verschwanne vun der Mixitéit vum Notze vun deene
Gebaier an eng limitéiert Autonomie.

De Bistum huet um RTL-Mikro betount, datt elo och vrun de Wahlen d'nächst Joer misst all Gemeng Faarf bekennen, wat dann elo mat de Kierchen an de Gemengen ze geschéien huet a wie se wäert iwwerhuelen an da muss duerfir opkommen.

De Message vu Minister a Bistum war kloer e Samschden um Radio: kee Gebai verschwënnt, mee gekläert gëtt, wien den Ënnerhalt iwwerhëlt. Och deen neie Fong, wou d'Statuten am gaange sinn ausgeschafft ze ginn, wäert keng Kierch refuséieren, déi si offréiert
kritt. De Generalvikar huet un de Syfel den Appell zu sachlecher Diskussioun lancéiert, an enger Kierch mat neie Paren, déi och neie Kierchebiller géifen entspriechen.

AUDIO: Background Spezial Kierchefabricken (17. September 2016)
AUDIO: Background am Gespréich / Resumé: Ben Eich

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.