Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Mat eisem Invité dëse Samschden, dem Etienne Schneider hu mir eng Hellewull u Sujeten abordéiert.

De Mann ass ëmmerhi fir eng breet Palette vu Ressorte responsabel. Vun der Wirtschaft iwwert d'Arméi, déi bannenzeg Sécherheet, Police an esou weider. Wéi vill Wuesstem brauch d'Land fir datt eise soziale Standard garantéiert bleift, wéi vill Wuesstem verdréit Lëtzebuerg. Wuesstem Jo, mä net egal wéi ee Wuesstem. E soll schonn encadréiert a virun allem nohalteg sinn.
Wat d'Perspektiv vum eng Millioun Awunnerstaat betrëfft, ass den Etienne Schneider net iwwerzeegt, dass et onbedéngt dozou kënnt.

Als Minister fir déi bannenzeg Sécherheet gouf hien natierlech och op d'Terrormenace ugeschwat. Déi huet net geännert. Se wier zwar reell mä net konkret. Et géif een awer alles maachen, fir en Attentat ze verhënneren. Et hätt een zum Beispill déi hallef Dose Leit, déi fir d'Terrormiliz islamesche Staat aktiv sinn weiderhin um Radar.

Mir hunn de Vizepremier op d'Changementer an der Regierung ugeschwat, de Fall gesat den Henri Grethen gëtt President vun der Spuerkeess. Deen Ament géif den Nicolas Schmit bei den europäesche Rechnungshaff wiesselen an d'Tess Burton héchstwahrscheinlech an d'Regierung kommen.

Den Etienne Schneider mengt, dass den Henri Grethen gutt Chancen huet, fir vun der europäescher Zentralbank als neie President vun der BCEE ugeholl ze ginn.

Aner Stéchwierder waren TTIP a CETA.

Den Etienne Schneider ass awer och e Visionär. Ëmmerhin huet hie wëlles Ressourcen an de Weltall sichen ze goen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Etienne Schneider

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.