Spidolsplang Spezial: Et bléiwen nach vill Froen op
Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer waren de Michel Di Felice, d'Lydia Mutsch, de Paul Junck an de Pit Buchler.
Kompetenzreseaue mat gebündelte Kompetenzen a verschiddene Krankheetsfelder, national Servicer, méi ambulant Behandlungen a Changementer an der Gouvernance vun de Spideeler, alles dat sinn Elementer vum geplangte Spidolsgesetz an dem neie Spidolsplang, sou wéi e Mëtt September an der Chamber deposéiert gouf.
An der Emissioun Background am Gespréich hunn eis 4 Invitéen, d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch, de President vum Collège médical, den Dokter Pit Buchler, de Michel Di Felice vun der Salariatskammer an de President vun der Spidolsfederatioun Paul Junck, aus hirer Siicht de Projet analyséiert a kommentéiert. Eppes wat aus der Diskussioun erauskomm ass, et bleiwen nach vill oppe Froen, ier d'Gesetz a Kraaft trëtt an och nach, wann et bis a Kraaft ass.
D'Gesondheetsministesch huet hire Projet natierlech verdeedegt a vun engem Paradigmewiessel geschwat, deen dem Patient ze gutt soll kommen. D’Lydia Mutsch ass och iwwerzeegt, datt d’Kompetenzreseauenreell eppes bréngen a sech och relativ séier forméiere kënnen. Verschidden Haiser hätten hir gesot, si wiere prett, fir sech zu 2 oder zu 3 zesummenzedinn, soubal d’Gesetz da bis gestëmmt ass.
De Collège médical sengersäits gesäit ënnert anerem d'Definitioun an d‘Opdeelung vun de Kompetenzreseaue kritesch. Firwat brauche mer zwee Kompetenzzentere fir den Diabetis, huet de Pit Buchler de Mëtteg gefrot. Donieft fuerdert de Collège médical, datt d'Doktere vill méi an den Decisiounsprozess misste mat agebonne ginn. Am Géigesaz zu der Spidolsfederatioun, déi sech elo besser am Gouvernance-System erëmfënnt, wéi nach am Avant-Projet.
D'Haaptdoleance vun der Salariatskammer ass e besseren Informatiounszougank an et gëtt sech méi Transparenz fir d'Patiente gewënscht. De Patient misst d’Moyene kréien, fir sech iwwert de beschtméiglechen Traitement oppen informéieren ze kënnen. Op heiheem oder am Ausland.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.