Anti CETA-TTIP-Manif virum RTL-Gebai extra fir de JCJ
Invité am Background am Gespréich dëse Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg war de President vun der EU-Kommissioun.
Ëm CETA an TTIP goung et ënner anerem och an der Emissioun Background am Gespréich mam Kommissiounspresident. De Jean-Claude Juncker huet op d'Manif e Samschdeg de Moien op déi heite Manéier reagéiert:
Zu Lëtzebuerg hätt hien esou Maniffe seele gehat, hei wier dat d'Ausnam gewiescht, zu Bréissel hätt hien där elo quasi all Dag. Ma esou wéi een dat eescht misst huelen, wat am Protest gesot gëtt, esou missten och déi, déi protestéieren, dat eescht huelen, wat een hinnen äntwert. D'EU a Lëtzebuerg bräichten organiséierten Aussenhandel. "1 Milliard Euro méi Aussenhandel an der Europäescher Unioun mat aneren Deeler vun der Welt, dat heescht 14.000 Aarbechtsplazen."
Et bestéing e groussen Ënnerscheed tëscht dem Accord CETA mam Kanada an dem TTIP mat den Amerikaner. Wat d'Verhandlunge mat Washington betrëfft, kéim een zu dësem Ablack iwwerhaapt net weider. Ma och wann ee sech net direkt géif eens ginn, wier dat kee Grond, einfach mam Verhandelen opzehalen. Och an deem Vertrag misst d'europäesch Normesetzung respektéiert ginn a bis dat net de Fall wier, kéint de Vertrag net ënnerschriwwe ginn, esou de Jean-Claude Juncker. "An dee gëtt och dëst Joer net méi ënnerschriwwen."
De fréiere Lëtzebuerger Regierungschef huet awer och op d'Wiel vum Claude Wiseler als Spëtzekandidat vun der CSV reagéiert. Et géing elo drëm goen, de politesche Programm vun der Partei opzestellen ... an de programmatesche Profil ze schäerfen, domat hätt den Här Wiseler elo mat enger "gutt fundéierter, serieuxer Grondsazried ouni Bling-Bling" ugefaangen.
A wéi laang wëll de Jean-Claude Juncker nach Politik maachen?
"Ma mäi Mandat leeft bis den 1. November 2019." An duerno? Eng zweet europäesch Carrière hätt hien net wëlles ze maachen - "eng geet duer".
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Video-Livestream um Internet op RTL.lu respektiv an der RTL-App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.