Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer war den CSV-Spëtzekandidat.

Hie wëll keng einfach Solutiounen bidden, just fir dem Wieler ze gefalen. Dat sot den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler e Samschden de Mëtten an der RTL-Emissioun Background am Gespréich.

Den CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwahlen an 2 Joer huet gemengt, datt eng Steierreform an deem Mooss mat Wahlkaddoen, wéi d'Regierung se plangt, net méiglech wär.

D'CSV hätt och de Montant beim Congé Parental net an d'Luucht gesat. Déi gratis Kannerbetreiung géif d'CSV net maachen an de Sënn vun der Sprooche-Fréifërderung an déi héich Käschten, déi dermat verbonne sinn, stellt se a Fro.

De Claude Wiseler freet sech och, ob een 1.000 nei Leit pro Joer beim Staat muss astellen. D'Gemengefinanzereform gesäit hie kritesch an och eng Diskussioun iwwer gratis Schoulbicher, hätt d'CSV wahrscheinlech net gefouert, sot hire Spëtzekandidat.

Hee wéisst och, datt all déi Reforme flott sinn a gutt ukommen, mä et misst een déi Saachen awer och iergendwann bezuelen.

Op e méiglechen Koalitiounspartner ugeschwat, war et d'Ausso vum Claude Wiseler, datt ee sech op deem Punkt nach net festleeë wéilt. Also keng Partei elo schonn als Regierungspartner ausschléissen. Fir d'éischt missten d'Wahle mol gewonne ginn!

AUDIO: Background am Gespréich mam Claude Wiseler (15. Oktober)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.