CETA-Accord ass net zesummegebrach
Invité am Background am Gespréich e Samschdeg tëschent 12 an 13 Auer war den Ausseminister Jean Asselborn.
No enger Woch, an där seng Aarbecht an der Haaptsaach vum Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada dominéiert gouf, war den Ausseminister Invité am Studio.
Dobäi ass de Jean Asselborn virop op d'Fro agaangen, wéi et mat CETA virugeet. D'Wallonie leet sech bekanntlech beim Fräihandelsaccord mat Kanada queesch. Deen Accord wier net zesummegebrach. Hie gleeft un een Accord zu 90 Prozent, wann net nächst Woch, dann eben an e puer Wochen. Lëtzebuerg géif matmaachen, fir Efforten ze maachen, fir déi lescht Problemer aus dem Wee ze raumen.
Nieft CETA gëtt et nach TTIP, de Fräihandelsaccord mat den USA, dee vu ville Leit vill méi negativ gesi gëtt wéi dee mat Kanada. Dem Ausseminister seng Meenung zu TTIP war, datt nieft de private Schiedgeriichter an dem "Buy American" géifen d'Europäer beim Aarbechtsrecht net kënnen op de Wee vun den USA goen. De Jean Asselborn denkt, datt den TTIP ënnert neiem Numm an ënnert der nächster US-Administratioun nei kéint probéiert ginn.
An den USA da stinn d'Presidentewahle virun der Dier. De Jean Asselborn ass wéineg begeeschtert vum Kandidat Donald Trump a vum Bild, dat d'Vereenegt Staaten duerch de Republikaner an der Course ëm d'Wäisst Haus ofginn. Dee Mann ass Megalomane an Egoman an enger Persoun.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.