Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war d'Francine Closener.

Invité an der Emissioun Background war e Samschdeg d'Francine Closener. Mat der Staatssekretärin am Wirtschaftsministère hu mer iwwert den Tourismus zu Lëtzebuerg geschwat an natierlech och iwwert d'Situatioun am Mëllerdall. Un Touriste feelt et do net, ënnersträicht d'Francine Closener a léisst och d'Kritike vun der Horesca net gëllen. Zanter 2010 ass de Mëllerdall gutt ënnerwee an d'Chiffere gi konstant an d'Luucht. An der Moyenne gëtt et e Plus vun 7% pro Joer och an der Hotellerie. Et ass awer och esou, datt de Mëllerdall haaptsächlech attraktiv ass fir Touristen déi Natur verbonne sinn an déi ginn emol léiwer op e Camping. Dofir profitéieren d'Campinger an och d'Jugendherberge wuel méi wéi d'Hotellerie, sou d'Francine Closener.

AUDIO: Extrait Francine Closener

Staatssekretärin präziséiert nach, datt vun der Federatioun vun den Hotelieren a Restaurateuren an der lescht och net immens vill Input komm ass. Am Juni hätt een d'Leit aus dem ganze Secteur opgefuerdert, dem Ministère Projeten, fir de 5 Jores Plang am Tourismus, eranzereechen. Vun de Horesca huet d'Francine Closener awer bis Haut nach kee Projet kritt. Et géing net duergoe fir nëmmen theoretesch Iddien ze entwéckelen an de Staat an d'Responsabilitéit ze huelen, et misst een och selwer mat Iddie kommen.

AUDIO: Extrait Francine Closener

3 Wochen nodeems "Let's make it happen" presentéiert gouf, zitt d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère e positive Bilan. An der Emissioun Background an d'Francine Closener präziséiert, datt och verschidde Gadgeten déi am Luxembourg House verkaaft ginn, schonn en rupture de stock sinn. Dat ass zum Beispill de Fall beim Schal fir Dammen. D'Häre froen dann och no Cravatten, do misst een sech awer nach e bësse gedëllegen, sou d'Francine Closener. Méiglecherweis kritt een an Zukunft d'Gadgeten dann och nach an anere Geschäfter an net méi just am Luxembourg House.

AUDIO: Extrait Francine Closener Luxembourg House

Aner Gadgeten, déi d'Staatssekretärin sech virstelle kann, sinn zum Beispill Vëlostrickoten oder och e Football.

De ganze Background am Gespréich kennt der zu all Ament op rtl.lu nolauschteren oder muer no den Neiegkeete vun 8 Auer hei op der Antenne.

AUDIO: Background am Gespréich mam Francine Closener (29. Oktober)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.