Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war de Generaldirekter vun de Chambre de commerce, Carlo Thelen.

Wéi gesinn d'Beruffer vun der Zukunft zu Lëtzebuerg aus? A wat bedeit déi sougenannt "drëtt industriell Revolutioun" fir den Aarbechtsmarché vum Grand-Duché an d'Wirtschaft vum Land? Ënnert anerem iwwert dës Themen ass et e Samschdeg an eisem Background mam Direkter vun der Chambre de commerce, Carlo Thelen, gaangen.

AUDIO: Background am Gespréich mam Carlo Thelen.


E Méindeg ginn an der Luxexpo d'Konklusioune vun der sougenannter Rifkin-Etude virgestallt, déi nei Perspektive fir d'Betriber opzeechne soll. Den amerikaneschen Ekonomist a Soziolog Jérémy Rifkin ass iwwerzeegt, datt mer den Ament an enger neier industrieller Revolutioun dra stinn. Eng Revolutioun, déi haaptsächlech op den neien Technologien a manner Ressourceverbrauch baséiert. Nei Beruffsbiller sinn am gaangen z'entstoen, an deenen de Konsument zum Produzent gëtt, Stéchwuert Airbnb an duerch méi Vernetzung sollen Ofleef méi efficace ginn. De Carlo Thelen vun der Chambre de commerce gesäit keng Alternativ zu dësen Entwécklungen a wëll dat ganzt positiv ugoen.

Ma riskéieren do awer net Leit op der Streck ze bleiwen, déi an deem neien Zeenario net méi gebraucht ginn? De Carlo Thelen mengt dat net. Et wier zwar sécherlech esou, datt duerch esou disruptiv Phänomener verschidde Leit op der Streck bleiwe kéinten, ma dass awer gläichzäiteg och nees nei Aktivitéite geschafe ginn, an deenen dës Leit kéinten opgefaange ginn. Dat géif allerdéngs viraussetzen, dass een och e groussen Effort an der Ausbildung misst maachen.

Thelen iwwert neie Wirtschaftsmodell

Jonker misste scho vu Klengem un den  „Esprit d'entreprise“ mat op de Wee bruecht kréien, datt se flexibel bleiwen an sech esou hir ganz Carrière laang ëmstelle kënnen. Hautzedaags wier et rare, datt een nach 40 Joer op der selwechter Plaz bleift, seet de Carlo Thelen.

Wat erwaart sech den Chief Economist vun engem President Donald Trump? D'Marchéen hätten an enger éischter Phas op mannst d'selwecht reagéiert wéi beim Brexit, sou de Carlo Thelen. An och wa se sech elo berouegt hunn, gesäit hie weider eng grouss Onsécherheet.

De Carlo Thelen iwwert den Donald Trump

Ee Véierel vun de Lëtzebuerger Exporter ausserhalb vun Europa ginn nämlech an d'USA, sou den Chief Economist vun der Chambre de commerce. A 60% vun den Importer ausserhalb vun Europa kommen aus den USA op Lëtzebuerg. Deemno wier dem Grand-Duché kloer u gudden Handelsbezéiungen mat den Amerikaner geleeën. De Fräihandelsaccord TTIP gesäit de Carlo Thelen a senger aktueller Form mat engem President Trump gestuerwen.

De  Carlo Thelen huet iwwregens och nach gemengt, dat Lëtzebuerger Dateschutzgesetz wier ze strikt, méi strikt wéi am EU-Ausland. Dat wier eng Kontradiktioun zu eisen Ziler am ICT-Beräich.

Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.