Scheedungsgesetz
Invité am Background am Gespréich e Samschdeg waren de President vun der asbl Eltere getrennt an de President dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand.
D'Reform vum Scheedungsgesetz war dëse Samschdeg eise Sujet an der Emissioun Background am Gespréich. De Gesetzprojet gouf virum Summer an der Chamber deposéiert. Et ass eng Reform, déi laang op sech waarde gelooss huet. Eng Scheedung bedeit fir déi betraffe Koppel, fir déi ganz Famill, een déiwen Aschnëtt an hirem Liewen. Duerch d'Reform vum Scheedungsgesetz sollen d'Prozedure vereinfacht an acceleréiert ginn, virgesi sinn och Changementer am Familljerecht. Sou soll ee Familljeriichter agefouert ginn an dat gemeinsamt Suergerecht fir déi zwee Elterendeeler.
Explikatiounen iwwert d'Reform goufen et vun der Presidentin vun der parlamentarescher Justizkommissioun, der grénger Fraktiounschefin Viviane Loschetter. Invitéeën am Studio waren de President vun der asbl Eltere getrennt, de Romain Schroeder an de President vum ORK, dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, René Schlechter. Donieft gouf et en Temoignage vun engem betraffene Papp, wéi hie seng Scheedung erlieft huet a mir hu mat enger Psychologin geschwat, déi op Familljentherapie spezialiséiert ass.
Virum Summer hat de Justizminister Felix Braz de Gesetztext an der Chamber deposéiert. Do virdrun ass 13 Joer laang iwwert d'Reform diskutéiert ginn. Lo ass se um Instanzewee. Haaptzil vun der Reform ass, dass d'Prozedure fir eng Scheedung vereinfacht an acceleréiert ginn. D'Presidentin vun der parlamentarescher Justizkommissioun, déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter huet betount, dass et net sou ass, wéi wann déi lescht Joren näischt geschitt wier. Aktuell läit de Gesetzprojet beim Staatsrot. Déi parlamentaresch Justizkommissioun rechent no Aussoe vun hirer Presidentin Viviane Loschetter domadder, dass den Avis am Januar virläit. Dee Moment kënnen dann och d'Aarbechten an der Kommissioun ufänken. Et géif alles dru gesat ginn, dass d'Reform nach des Legislaturperiode gestëmmt gëtt, sou déi gréng Fraktiounscheffin.
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.