Invité am Background am Gespréich e Samschdeg war den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana.

D'Gemenge waren an der Lescht vill an dacks an der Aktualitéit mat der Reform vun de Gemengefinanzen an dem Dossier Kierchefabrécken, oder nach wéinst der Territorial-Reform. Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana war dëse Samschden an eiser Emissioun Background am Gespréich

Matt eisem Invité hu mir awer och iwwert de Problem vum Logement, de Shared Space, d'Crèchen oder nach d'Integréiere vun de Flüchtlingen geschwat.

Och d'Gemengewahlen vum nächste Joer waren Thema. Do koume mir net laanscht de Sujet vun de sozialisteschen Damen, déi mat enger Poche voller Iddien um Tour sinn, fir Frae fir d'Gemengepolitik ze sensibiliséieren. Wann et d'Iddi war, fir Opmierksamkeet ze kréien, dann ass et gelongen. Et gi Leit, deenen d'Campagne näischt ausmécht an anere gefält et net, wéiee mat Clichéen ëmgaangen ass, respektiv déi Leit ville sech perséinlech ugegraff. D'Thema ass fir den Diddelenger Buergermeeschter awer ze wichteg, fir datt et d'Leit soll spalten. Et soll jo Fraen sensibiliséieren, fir an der Politik Fouss ze faassen.

AUDIO: Extrait Dan Biancalana 1

Op Basis vum Rapport vum Jeremy Riffkin soll heiheem déi drëtt industriell Revolutioun agelaut ginn. D'Land wier do ze soen Pionéier. Dat Ganzt geet awer net ouni d'Gemengen an d'Diddeleng geet do a Richtung Riffkin, sou de Buergermeeschter. Op de fréiere Friche vun der Arbed wëll een en CO2 neutralen, also en Eco-Cartier, bauen.

AUDIO: Extrait Dan Biancalana 2

Am Dossier Kierchefabricken geet et zu Diddeleng harmonesch iwwert d'Bühn. Et gouf bis elo eng Ronn, eng ganz oppen Diskussioun mat der Kierchefabrick. Et huet ee keen Titre de Propriété, wéi et vum Projet de Loi virgesinn ass, ma duerch e Bléck an d'Archive weess een, datt d'Kierchen der Gemeng gehéieren. Et wëll een awer och Kloerheet schafen, well déi am Moment nach net iwwerall ass. D'Kierchefabrick vun Diddeleng ass Proprietaire vun e puer Kapellen a Propriétéiten an huet domadder eng gewësse finanziell Situatioun, mat där si ëmgoe muss.

AUDIO: Extrait Dan Biancalana 3
AUDIO: Background am Gespréich mam Dan Biancalana (26. November)

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.