Invité am Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg waren de Frank Engel an de Charel Goerens.

Et war kee gutt Joer fir d'Europäesch Unioun: Groussbritannien stëmmt fir de Brexit, d'Tierkei spillt Kaz a Maus mat der Kommissioun an an der Flüchtlingskris ginn d'Meenunge sou wäit auserneen wéi nach ni.

An de Memberlänner selwer wiisst iwwerdeems d'Euro-Skepsis. D'EU-Géigner an d'Populisten hu Réckewand, Politiker fuerderen den Aus vum Euro a verschidden Experten hunn den Ufank vum Enn schonn ausgemaach.

D'EU huet een Imageproblem, ma se ass awer net esou schlecht wéi hire Ruff. Dat war - ënnert dem Stréch - de Fazit vun den Europadeputéierten Frank Engel a Charles Goerens, d'Invitéen an eiser Emissioun Background am Gespréich. Fir de Charles Goerens stéingen sech d'Memberlänner dacks selwer am Wee. All Krisen hätte kéinten evitéiert ginn.

Fir den Frank Engel leien d'Problemer vun der EU virun allem an hiren Zoustännegkeeten an an der d'Aarbecht vun den nationalen Parlamenter. Di grouss Saachen dierft een net, an di kleng Saachen schéngen an der ëffentlecher Perceptioun ze onwichteg. Ma fir dat ze änneren, misst een awer un déi Grouss gelooss ginn, sou de Frank Engel.

Europawahlen

Den Europadeputéierten Charles Goerens wëll 2019 nach emol mat an d’Europawahlen goen. Dat sot den DP-Politiker an eiser Emissioun Background am Gespréich. Hien bleift awer bei senger Decisioun, fir national Wahlen net méi zur Verfügung ze stoen. Den zweeten Invité vun der Emissioun, den Europadeputéierten Frank Engel sot dogéint, datt hie sécher bei engen vun den nächste Wahlen géing matgoen. Wéi eng dat ass, misst hien awer nach mat sech selwer kucken. Dat anert Joer sti jo d’Gemengewahlen un, iert 2018 en neit Parlament gewielt gëtt. 2019 dann sinn déi nächst Europawahlen.

AUDIO: Background am Gespréich: Frank Engel a Charel Goerens

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.