Invité am Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg war de Finanzminister.

D'Steierreform ass sozial gerecht a modern. De Finanzminister Pierre Gramegna war um Samschdeg de Mëtteg den Invité an der Emissioun Background am Gespréich. D'Steierreform wär net ze deier an och net irresponsabel. D'Reform wär déi gerechtsten, déi jee gemaach gi wär. Een, deen zum Beispill 4'000 Euro de Mount géif verdéngen, géif 120 Euro manner Steiere bezuelen. Ee mat 10'000 Euro Pai, d'selwecht. Spëtzeverdénger géifen also net, wéi soss ëmmer, besser ewechkommen.

Et géif een als Regierung och voll hannert den héijen Investissementer stoen. Hie géif zu deem stoen, wat en 2014 sot, huet de Pierre Gramegna gemengt, mä d'Situatioun wär haut eng aner. D'Steierreform misst net méi käschtenneutral sinn. D'Steiererliichterunge géifen de Konsum undreiwen an d'Betriber kéinte méi investéieren.

Den Zukunftspak huet de Finanzminister verdeedegt. D'Method géi hien nach emol sou maachen, och wa villes onpopulär war – dat weess hien, mä d'Resultater wären awer do.

Als Tëschebilan no 3 Joer Minister sot de Pierre Gramegna, datt hien net geduecht hätt, datt et esou e schwieregen Job wär, Minister ze sinn a Finanzminister speziell. Mä et hätt ee villes erreecht. D'Land géif besser do stoe wéi virun 3 Joer an dat géif engem Energie ginn. 2018 wëll hie mat an d'Chamberwahle goen - wann de Bilan weider gutt ass a wann d'Partei hie freet. Dat wär da fir de Bezierk Süden. Ob als Spëtzekandidat, dat géif d'Partei decidéieren, sou de Pierre Gramegna e Samschdeg de Mëtteg am Background.

AUDIO: Background am Gespréich mam Pierre Gramegna.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.