Invité am Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg war de Staatsminister selwer.

Si ware mat grousse politeschen Ambitiounen an hiren Dräier-Projet gestart: Dat ass elo iwwer 3 Joer hier an och déi lescht 12 Méint goufen et nees eng ganz Partie Reformen, jo souguer eng industriell Revolutioun, déi ugestouss gouf.

AUDIO: Background am Gespréich mam Xavier Bettel

D'Steierreform, Mesurë fir d'Familljen, Investissementer an den Ausbau vu Stroossen a schoulesch Infrastrukturen – Blo-Rout-Gréng huet Reformwëllen demonstréiert, mä gouf och net eeschthaft vun der Oppositioun dorunner gehënnert.

Wou huet d'Regierung hir Verspriechen gehalen, wou net?

Et war keen einfacht Joer, sou de Premier Xavier Bettel, dat souwuel national an international, wou den Terror an de Populismus nach ëmmer d'Schlagzeile bestëmmen. D'lescht Joer stoung d'Attentater am Fokus, dëst Joer hätt een déi verhënnert.

Et ginn awer och positiv Nouvellen: Land a Leit stinn besser do, wéi virun 3 Joer. An dat wier ënnert anerem och de Verdéngscht vun dëser Regierung. Di aktuell Situatioun géif et nees erlaben, de Konsum ze stäerken an z'investéieren. Wat och d'Europäesch Kommissioun esou confirméiert hätt.

D'Steierreform zum Beispill hätt ee sech erschafft a kéint ee sech och leeschten. Se wier selektiv a sozial gerecht, fir virun allem déi schmuel Schëlleren ze entlaaschten. "Mir maachen eng Politik fir d'Leit an net géint d'Leit", sou nach de Premier.

VIDEO: RTL-Background mam Xavier Bettel
Am RTL-Background huet de Premier Xavier Bettel op 3 Joer Dräierkoalitioun zeréck gekuckt an en Ausbléck op de Rescht vun der Legislaturperiode gemach.

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.