D'kathoulesch Kierch an hire Stellewäert
Invitéeën am Background am Gespréich waren e Samschdeg de Mëtteg d'Marie-Christine Ries, de Michel Pauly an de Paul Galles.
D'kathoulesch Kierch, hire Stellewäert an der Lëtzebuerger Gesellschaft an d'Erausfuerderungen an Zäiten vun Trennung vu Kierch a Staat, doriwwer ass e Samschdeg mat den Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich diskutéiert ginn.
D’Trennung vu Kierch a Staat net nëmmen als Verloscht gesinn, mä och als Gewënn, dat war ee vun de Message vun eisen Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich. Mat um Dësch souzen d’Bëschofsdelegéiert Marie-Christine Ried, den Historiker Michel Pauly an de Paul Galles vu YoungCaritas, fir iwwert den Zoustand vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
De Michel Pauly féiert d’Angscht an d’Mësstraue vu verschiddene Leit dorobber zréck, datt d’Changementer vu baussen der Kierch operluecht goufen, déi net drop virbereet war. Dat et der Kierch opgezwonge gouf, koum vun haut op muer a kee war drop virbereet. Do läit de Feeler an der Kiercheleedung. Do hätt een vu sech aus d'Initiative missen huelen, fir den Ännerungsprozess an d'Weeër ze leeden, am eegenen Interêt. Schonn 1981 hat ee notéiert, datt déi ganz Organisatioun vun de Kierchefabricke misst moderniséiert ginn an et ass näischt geschitt. Dann dierf ee sech awer och net wonneren, datt ee vun Initiative vu baussen iwwerrascht gëtt an Ufänkt, fir Ängscht z'entwécklen. Dat kann de Michel Pauly dann och gutt novollzéien.
Zanter Januar 2014 gëtt och un enger neier Struktur vun der Porlandschaft geschafft. Strukturen, déi op d'Mëttelalter zréck ginn, änneren. Vu 57 Porverbänn sollen nach 33 Paren am ganze Land iwwreg bleiwen.
Zil ass et d’Territorialreform bis d’Fréijoer, also an den nächste Méint, ofzeschléissen. Do wier vun Ufank ganz bewosst, mat de Leit um Terrain geschwat ginn, sou d’Marie-Christine Ries e Samschdeg an der Mëttesstonn.
Entsteet domadder net eng Kierch vun de laange Weeër, nach méi wäit ewech vun de Leit? Geographesch schonn, denkt de Paul Galles. Ma an enger Zäit, wou een esou mobile ass, dierft dat kee Problem duerstellen. Bei den eelere Leit dogéint ass dat e méi reelle Problem. Ma och do ginn et a verschiddene Poren Systemer, fir d'Leit matzehuelen. An awer gëtt jo och nach an all Kierch am Land mindestens 1 Mass, wou een da kann higoen. Mä an de Poren muss och d'Realitéit gräifen, datt gesot gëtt, eng Persoun, déi net méi mobile ass, gëtt matgeholl.
Et huet sech nach eng gewësse Kreativitéit erausgebild, seet d'Marie-Christine Ries. A ville Kierchen ass nach eng Mass oder e Gottesdéngscht. Et muss een awer elo kucken, datt aus der Kierch net just en Zentrum gëtt, wou sech eppes deet, mä eng lokal Gemeinschaft, wou eppes méiglech ass.
Natierlech ass och iwwert dat aktuellt Gestreids ëm d'Kierchefabrécke geschwat ginn. Fir e Paul Galles vu YoungCaritas ass et evident, datt jidderee fäert, datt hien eppes géif verléieren. Wa Mënsche vun der Base, déi et jo och sinn, déi sech an de Kierchefabricken engagéieren, dann no Jorzéngten d'Gefill kréien, datt si net consideréiert ginn, wat jo och beim Syfel de Fall ass, kann ee gutt Verstoen, datt déi Leit dann nervös ginn. Et si jo awer déi Leit, déi ganz vill maachen a leschten. Dem Paul Galles no lauschteren de Bëschof an de Generalvikar deene Leit awer vill no. Si wëssen och, datt déi Mënsche musse gestäerkt ginn an datt si se vill respektéieren.
De féiere Generalvikar Erny Gillen wier e Visionär gewiescht, mat senge Gedanken mat deenen en 10 Joer vis-a-vis vu den Aneren viraus war, sou nach de Paul Galles. Seng Decisioun ze demissionéiere wollten d'Invitéeë weider net kommentéieren.
Wéi sinn déi ablacklech Meenungsverschiddenheeten an der Kierch z'erklären? Dem Historiker Michel Pauly no wier d'Kierch net op dat virbereet gewiescht wat kënnt an hie fënnt et och positiv, datt elo dee grousse Block, deen Kierch ass, zerpléckt gëtt. Dat unitärt Denken, wat een der Kierch ëmmer nees ënnerstellt, gëtt et esou net a gouf et schonn an der Apostelgeschicht net. Bei den aktuelle Meenungsverschiddenheete geet et jo net ëm Glawensinhalter, mä ëm strukturell Froen, wou et och berechtegt ass, datt ee verschidde Meenunge kann hunn.
Duerch déi nei Struktur vun de Poren, déi geplangt ass, géifen donieft ural Traditiounen änneren, déi nach op d'Mëttelalter zréck ginn, sou den Historiker. Am Fréijoer wëll de Bistum presentéieren, wéi déi nei 33 Poren ausgesinn.
D'Bëschofsdelegéiert Marie-Christine Ries gesäit an dëser Reform e Wee, fir och méi modern ze ginn a Leit um Terrain unzeschwätzen. Wéi gesäit si, déi 2002 déi éischt Fraebeoptragt vun der Kierch gouf, dann d'Roll vun der Fra?
Si selwer fillt sech net dequalifiéiert, och wa si net alles maache kann, dat wëll e muss si och net. Awer setzt d'Marie-Christine Ries sech fir d'Priestertum vun der Fra an. Villes huet sech schonn an der Kierch gedoen, ma nach net genuch. Virun 30 Joer, wéi Si ugefaangen huet mat schaffen, war een als Fra an der Kierch ënnerbesat an d'Aarbecht war och net ëmmer einfach. Haut dogéint si scho 5 Fraen am Bëschofsrot, wat ee sech virun 30 Joer net hätt kéinten dreemen.
De ganze Background kënnt der nach emol nolauschteren e Sonndeg den Owend an der Rediffusioun no den Neiegkeeten um 20 Auer an zu all Ament op rtl.lu
Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.