Invité an der Émissioun Background am Gespréich waren dëse Samschdeg de Marc Schiltz an de Rudi Balling.

De Generalsekretär vum Fonds national de la Recherche an den Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine waren dës Woch Invité am Studio. Mam Marc Schiltz a mam Rudi Balling hu mer iwwer Erkenntnisser vun der medezinescher Fuerschung zu Lëtzebuerg an iwwert der Recherche hire Stellewäert hei am Land geschwat.

AUDIO: Background am Gespréich mam Marc Schiltz a mam Rudi Balling

Déi Sujeten an nach anerer an der Emissioun "Background am Gespréich", déi ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App leeft (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen. Op Radio Lëtzebuerg gëtt de Background sonndes owes um 20 Auer rediffuséiert.