E Méindeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen an Är Froe stellen.

"Mir sinn iwwerrascht ginn", sot d'Kannerdoktesch Michèle Kayser, iwwert d'Decisioun vun der Regierung, d'Impfung fir Kanner tëschent 5 an 11 Joer allgemeng opzemaachen. D'Pediaterin war Invité am Dir hutt d'Wuert e Méindeg de Moien an huet op Är Froe geäntwert.

D'Associatioun vun de Kannerdoktere wier am Fong nach am Gaange Richtlinne fir d'Kannerimpfung auszeschaffen. An den USA goufe schonn 1,5 Millioun Kanner fäerdeg geimpft, d'Erfarungswäerter an den USA an Israel géinge weisen, datt et keng uerg Niewewierkunge géinge ginn. Nawell hätt een am léifsten op ofgeschlossen Etüde gewaart, sou d'Michèle Kayser. Bis ewell kéint och just an den Impfzenter geimpft ginn, nach net an de Praxisse vun de Pediater.

Bis elo ass just een Impfstoff an der EU fir Kanner zougelooss, dee vu BiontechPfizer. D'Kanner kréien eng Drëttel Dosis wéi déi Erwuessen. Grad wéi déi Erwuesse kënnen och d'Kanner eng kleng Reaktioun direkt no der Impfung maachen, zum Beispill den Aarm wéi oder e bësse Kappwéi. Et hätt awer bis elo weltwäit nach keng uerg Reaktioun op d'Impfung ginn, wéi en anaphylaktesche Schock. Et wier och kee Kand un der Impfung gestuerwen. D'Pediaterin huet iwwerdeems ënnerstrach, datt keng Laangzäit-Effeten z'erwaarde sinn.

Prioritéit wier awer op alle Fall d'Impfung vun de vulnerabele Kanner, respektiv vun deenen, déi eng vulnerabel Persoun an hirem Ëmfeld hunn. An deene Fäll wier dat onbedéngt ze recommandéieren. Kanner géingen allgemeng seele krank ginn, ma bei vulnerabele Kanner géing et awer e méi héije Risiko vun engem schwéiere Verlaf ginn. Déi aner Kanner ënner 12 Joer kéinte geimpft ginn, ma wa se gesond wiere kéinten se och nach waarden, esou d'Recommandatioun vun der Kannerdoktesch. Wann d'Kand schonn eng Kéier eng Infektioun mam Coronavirus hat, soll op d'mannst 3 Méint gewaart ginn, iert et ka geimpft ginn. Am Fall vun engem vulnerabele Kand oder enger vulnerabeler Persoun am Ëmfeld wier dat och ze recommandéieren.

E Mindestgewiicht fir d'Impfung gëtt et net, sou d'Michèle Kayser. Et hätt am Ufank eng Recommandatioun vu 25 Kilo ginn, ma Kanner vu 5 Joer u kéinten och geimpft ginn, wa se dat Gewiicht nach net hunn.

Eng Booster-Impfung wäert och sécher bei de Kanner nach kommen, sou d'Pediaterin, wéini, wier awer elo nach net kloer.

D'Ängschte vun de Kanner muss ee seriö huelen, sou d'Michèle Kayser. Am Dialog a mat Respekt kéint een als Kannerdokter Vertrauen opbauen, hinnen erklären, wat d'Impfung ass, si géingen dat da meeschtens och verstoen, wéisten d'Pediater aus Erfarung mat aneren Impfungen. Wann d'Kanner panesch Angscht hätten, kéint een och zum Beispill eng Plooschter mat engem lokalem Anästhetikum op den Aarm maachen, da géingen se d'Pick net spieren.

Déi meeschte Kanner, déi sech mam Coronavirus ustiechen, géinge sech bei net-geimpfte Leit ustiechen, esou d'Michèle Kayser. Dat géing een och bei deene Kanner gesinn, déi an d'Kannerklinik komme wéinst Covid. Dofir wier et ganz wichteg, datt déi Erwuesse sech alleguer impfe loossen, virun allem wa si mat Kanner zesumme schaffen. D'Pediaterin huet dofir och fir eng Impfflicht fir déi Erwuesse plädéiert.

Dir hutt d'Wuert - Mat der Kannerdoktescht Michèle Kayser