"Alles gëtt méi deier... wie soll dat bezuelen?" Wat maache mer géint d'Präisser, déi permanent klammen? Mécht d’Regierung dat Richtegt?

D'Reduktioun vu 7,5 Cent op de Bensinspräisser wier nëmmen eng kuerzfristeg, ondifferenzéiert Mesure. Dat sot de grénge Vizepremier François Bausch an der RTL-Emissioun "Dir hutt d'Wuert" den Dënschdeg de Moien um Radio. Thema war d'Inflatioun, déi héich Präisser a wat een dogéint ka maachen.

Dir hutt d'Wuert - Mam François Bausch iwwert d'Inflatioun

Wann d'Präisser weider klammen, géifen d'Leit mat manner Akommes ëmmer méi Problemer kréien. Datt d'Baisse op de Pëtrolsproduiten e groussen Impakt huet, dorunner zweiwelt de François Bausch. Senger Meenung no wiere méi cibléiert Mesuren néideg. De méi Aarme misst méi gehollef ginn, de Besser-Situéierte manner, bis guer net.

Dat, wat an der Tripartite festgehale gouf, wär e Kompromëss. Aktuell géif den Hëllefspak duergoen. Wann d'Situatioun sech géif verschlechteren, misst noverhandelt ginn.

D'Regierung steet zum Index, huet de grénge Vizepremier ënnerstrach. Et soll keng Indextranche ausfalen a fir gewësse Leit soll – mat Steiergelder - kompenséiert ginn. Dofir géif dës Regierung bis un d'Enn vun der Legislaturperiod stoen.

D'Fro vum "gedeckelten Index" gouf och gestallt. Dës wier berechtegt an et wier e Sujet, deen de François Bausch scho ganz laang beschäftegt.

Ma do géifen d'Gewerkschaften net matmaachen. Ënnert anerem wéinst der Angscht, datt d'Lounstruktur géif duerchenaner bruecht ginn.

Een Nolauschterer huet d'Fro gestallt, firwat d'Steieren um Bensin net einfach ausgesat ginn. Do huet de Minister Bausch ënnerstrach, datt de Staat domadder kee Weekend oder Topegkeete finanzéiert. Mä dës Sue géife fir d'Allgemengheet an Infrastrukturen investéiert ginn. Notamment an d'Stroosseninfrastrukturen. Géifen d'Steieren um Sprit ewechfalen, misste se enzwousch anescht erageholl ginn.

En anere Sujet war déi verstäerkten Ënnerstëtzung vun de Wärmepompelen. De grénge Minister huet erkläert, datt dës mëttlerweil ganz effizient wieren. Et wär awer net déi eenzeg Alternativ zu Masutt oder Gas, déi d'Regierung géif ënnerstëtzen.

De Waasserstoff gesäit de François Bausch bei de Privatautoe manner als Alternativ, do géif Elektro méi Sënn maachen. Mä bei de méi grousse Gefierer, zum Beispill an der Aviatioun, hätt de Waasserstoff eng Zukunft. Awer gréng soll de Waasserstoff sinn an net op Basis vu Gas produzéiert ginn.