En Donneschdeg hat Dir op RTL Radio Lëtzebuerg d'Wuert a konnt dem François Benoy Är Froe ronderëm d'Energiepräisser an den Impakt op d'Ekonomie stellen.

D'Froen hunn haaptsächlech ëm d'Bensinnspräisser gedréint, mä am meeschten ëm d'Subside fir Photovoltaik, d'technesch, administrativ oder och finanziell Schwieregkeeten, wann een da Solarpanneauen oder eng Wäermepompel wëll installéieren.

Dem gréngen Deputéierte François Benoy no missten d'Leit doheem verstäerkt op Solarenergie a Wäermepompele setzen. Ma och d'Betriber, de Staat an d'Gemenge wiere gefuerdert, well jidderee bei der Energietransitioun misst hëllefen.

Eng vun de Froen, déi en Donneschdeg gestallt goufen, huet sech dorëm gedréint, wéi ee virgoe soll, wann ee säin Haus méi ëmweltfrëndlech wëll maachen. Do géing d'Klima-Agence hëllefen, wéi de gréngen Deputéierten äntwert. Ma et wier Gedold gefrot, well d'Demande wier grouss. Dowéinst géif et dauere bis ee seng Subside kritt. Dowéinst misst hei effektiv eng Schëpp bäigeluecht ginn. An och d'Handwierk géif wéinst der grousser Demande net ëmmer nokommen.

Wat Hëllefen fir Pellets-Heizungen ugeet, konnt den Deputéierten nach keng Detailer ginn. Déi héich Bensinn- an Dieselpräisser goufen och dacks ugeschwat. De Gréngen Politiker huet do fir eng nohalteg Mobilitéit plädéiert. Zu Fouss goen, de Vëlo huelen a vum gratis ëffentlechen Transport profitéieren. A wann een den Auto awer onbedéngt bräicht, sollt een op Elektro ëmklammen. Wéinst der Klima-Urgence misst een onbedéngt en Auswee aus der fossiller Energie fannen.

Aus de Froen, Remarken an Äntwerte vun en Donneschdeg de Moie kann een zeréckbehalen, datt d'Transitioun awer net vun haut op muer geet an de Wee net zum Nulltarif an net ouni Obstakel ass.

Dir hutt d'Wuert - François Benoy iwwer Energiekris