Am "Dir hutt d'Wuert" goung et en Dënschdeg ëm d'Kris am Logement.

Am Studio waren d’Deputéiert Semiray Ahmedova vun déi Gréng an de Gary Diderich, Parteispriecher vun déi Lénk, fir op Är Froen a Remarken ze reagéieren.

Dir hutt d'Wuert: Kris am Logement

Firwat baut de Staat net méi? Dat war eng Fro.

De Staat géif all d'Pisten ugoen, sou déi gréng Politikerin. E géif Neies bauen, awer och Projete vu Promoteuren opkafen, déi net ganz ofgeschloss goufen.
De Kandidat vun Déi Lénk huet gemengt, et géif u Personal am zoustännege Ministère an un engem drëtten ëffentleche Bauträger feelen.

D'Semiray Ahmedova huet och erkläert, datt d'staatlech Primmen, fir ze bauen, geklomme wieren an och méi Leit dovunner kéinte profitéieren. Op d'Bank-Krittäre fir e Kredit ze accordéieren, hätt d'Politik awer keen Afloss.

Datt vill Leit Näischt méi geléint kréien, fir ze kafen, géif d'Demande bei der Locatioun méi grouss maachen. Dowéinst géifen d'Loyere klammen, sou de Gary Diderich. Fir déi méi aarm Leit géif et dann nach méi schwéier ginn, eppes ze fannen.  
Ma, grad dowéinst hätt een elo e neit Loyersgesetz gebraucht, mengt d'Vertriederin vun Déi Gréng. Dëst hat et awer net méi duerch d'Chamber gepackt.

De Loyer deckelen, war och en Thema. Déi Lénk hätten dat scho méi laang gefuerdert, sou nach de Gary Diderich vun Déi Lénk.