Sven Clement (Piraten) vs. Frank Engel (Fokus)
Am Face-à-Face goung et ëm d'Logementskris an d'Sécherheetsproblematik zu Lëtzebuerg.
D’Piraten ëm de Sven Clement hoffen, e Sonndeg Fraktiounsstäerkt mat 5 Sëtz ze erreechen. Déi nei Partei Fokus vum Frank Engel hofft iwwerhaapt emol e Sëtz an der Chamber ze kréien.
Wéi géife si d'Logementskris an d'Sécherheetsproblematik ugoen? Doriwwer diskutéiere mer an dësem Face-à-Face.
D'Partei Fokus wëll eng groussugeluechten emphyteotesch Bauoffensiv vu 50.000 Wunnengen. D'Piraten hätten och gär, datt Staat a Gemenge massiv bauen. D’Wunnenge solle fir 10 Euro de Metercarré verlount ginn u Leit, déi sech näischt um Privatmarché leeschte kënnen, mat der Optioun vun engem sougenannten "Mietkauf".
Wéi realistesch sinn déi Proposen?
An der Sécherheetspolitik wëll Fokus prinzipiell e Fräiheetsentzuch fir all wëllentlech Uwendung vu Gewalt aféieren. D'Pirate plaidéiere fir méi wäertvoll Strofen, wéi Sozialaarbecht.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht