Um Dënschdeg war den Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingenieurs-Conseils eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Architekten – mam OAI – haten e Méindeg eng grouss Table ronde mat 4 Ministeren an 200 Leit iwwert de Logement. Wéi wëlle mer liewen? Wéi ass d'Roll vun de Gemengen? A wéi kënnen d'Léisungen am Wunnengsbau ausgesinn? Dat waren e puer vun den Themen.

Et brauch een eng gesond Densitéit, sot um Dënschdeg de Moien den Direkter vum OAI, de Pierre Hurt. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Et misst een iwwer alles schwätzen. D'Wunnengsproblematik ass net à court terme ze léisen, sou den Pierre Hurt. Sécher ass: et muss massiv gebaut ginn, an méi dicht. 10.000 Leit kommen d'Joer bäi.

Et muss awer op e puer Niveauen ugesat ginn: Mat engem Code de la Constructioun, deen definéiert, wou wat gebaut gëtt. Mat kohärente Gesetzer.

Et brauch een Accès op Bauterrainen. Do hofft den Invité vun der Redaktioun, datt d'Grondsteier kënnt. Mir mussen un d'Terraine kommen a mir brauchen och d'Leit um Terrain, déi dat bauen. De Logement wär e ganz komplexe Sujet, wou net jiddereen dierft just seng Interêten verdeedegen.

A ganz besonnesch ass en Ëmdenke bei de Leit gefrot. Si mussen d'Angscht geholl kréie virum méi dicht bauen. Dat géif nämlech net automatesch Verloscht u Liewensqualitéit bedeiten.

D'Bierger sinn potentiell Wieler. Wa si prett si méi a méi dicht ze bauen, dann huet d'Politik och de Courage méi ze maachen, sou nach de Pierre Hurt vum Ordre vun den Architekten an Ingenieuren.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Pierre Hurt

E Méindeg den Owend hat den OAI eng Table ronde iwwer de Logement, zesumme mat 4 Ministeren a ronn 200 Leit, déi dat Ganzt suivéiert hunn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.