Invité vun der Redaktioun (12. Juli)Bausch: "Wéi vill Privatsphär wëlle mer ofginn fir d'Sécherheet?"

RTL Lëtzebuerg
E Freideg war de Policeminister François Bausch eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: François Bausch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Dat ass d’Fro, déi ee sech am Kontext vum Dateschutz muss stellen. Dat sot den François Bausch am RTL-Interview.

De Policeminister huet zouginn, datt dat aktuellt Dateschutzgesetz vum August zejoert misst nogebessert ginn.

An datt och nach weider Reglementatioune misste komme, fir d’ Protektioun an den Ëmgang mat den Date vun de Leit ze verbesseren.

Dat iwwert eng breet an transparent Diskussioun.

De François Bausch erwaart sech och laang an deels hefteg Debatten driwwer an der Chamber.

Et ass eng ganz komplex Matière, ënnersträicht de Minister

Dowéinst bräicht een och eng laang Iwwergangszäit, fir d’Gesetz ëmzesetzen.

Dat kéint a verschiddene Fäll bis 2026 daueren.

Fir de François Bausch wier et och onglécklech gewiescht, datt esou e komplext a wichtegt Gesetz, sou spéit virun der Summervakanz an d’Chamber koum.

Sou wier Drock entstanen, virun de Chamberswahlen am Hierscht.

Esou wichteg Dossiere sollten anescht ugepaakt ginn, da géifen et herno och manner Diskussioune ginn.

E Freideg war de Policeminister François Bausch eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO