Invité vun der Redaktioun (20. Januar) - Jean SchoosParteiintern Spannunge vum Dësch a keng nei ADR-Parteispëtzt

Carine Lemmer
Sascha Georges
E Méindeg de Moie war de President vun der ADR eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Jean Schoos
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et wier alles an der Rei bei der ADR. Et hätt ee sech zesummegesat wéi erwuesse Leit, Argumenter ausgetosch, sech d’Hand ginn an elo wier d’Saach erleedegt. Dat sot den ADR-Parteipresident Jean Schoos e Méindeg de Moien am RTL-Interview.

Et goung Rieds iwwer déi parteiintern Spannungen, wéinst engem Facebook Post vum Sylvie Mischel. D’Presidentin vun den ADR-Fraen hat do Flüchtlingspolitik kritiséiert. Ënnert anerem goufen an den Diskussiounen duerno Changementer un der ADR-Parteispëtzt gefuerdert. Déi kommen net, sou de Jean Schoss.

Et géif weidergemaach ginn, sou wéi et an de Statutte virgesinn ass. Hie wëll also Parteipresident bis iwwernächst Joer bleiwen.

De Jean Schoos mengt och net, datt d’Sylvie Mischel an de Fernand Kartheiser d’Partei splécken.
Si géifen eng vun e puer Stréimungen an der ADR duerstellen, awer kloer hannert dem Programm an der Linn vun der Partei stoen.

E Méindeg de Moie war de President vun der ADR eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO